
Sou gëtt den Nico Hoffmann an engem Schreiwes vum Konsumenteschutz zitéiert, an deem e reellt Stäerke vun der Kafkraaft gefuerdert gëtt.
Et wier keng immens Reklamm fir de Grand-Duché, datt d’Leit hei am Land zejoert EU-wäit am meeschte fir Liewensmëttel hu misse bezuelen.
Duerch ëmmer méi deier Präisser géif den Effekt vun Index-Tranchen a Steier-Kreditter opgefriess ginn.
D’ULC fuerdert vun enger nächster Regierung, datt d’Steiertabell endlech voll un d’Präisdeierecht ugepasst gëtt an datt Präiskontrolle gemaach ginn.
Änlech wéi a Frankräich misst d’Politik vun Entreprisen afuerderen, d’Präisser op bestëmmte Liewensmëttel méi bëlleg ze maachen.