
D’Majoritéit am Gemengerot huet sech fir eng Konventioun mat der Caritas fir e Logement encadré ausgeschwat. Den Office national de l’acceuil wier dobäi, eng Lëscht ze maache mat de Leit, déi an déi 28 Hotelszëmmer solle kommen. D’Stad Lëtzebuerg bezilt e Bail vun 38.000 Euro un de Proprietär vum Hotel.
Déi Lénk an Déi Gréng hu kritiséiert, datt keng aner Refugiéeë kéinten am Hotel ënnerkommen. D’DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet erkläert, datt et e Projet mat der Caritas wier, wou een deene jonke Fraen ënner 27 Joer wäert Formatiounen op Ukrainesch ubidden. Do hätt den Educatiounsministère emol dat néideg Personal misste fannen. Dës Sich hätt vill Zäit kascht. De Projet kéint een dann op där Plaz net an e puer verschidde Sprooche maachen, well dat den Ament ze opwenneg wier.
Déi Lénk hu sech beim Vott enthalen.