StadKoppel gouf vun alkoholiséiertem Mann mat Messer menacéiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 23.30 Auer e Sonndeg koum et an der Stad an der Avenue de la Liberté zu enger Ausenanersetzung tëscht enger Koppel an engem alkoholiséierte Mann.

Den alkoholiséierte Mann huet d’Koppel mat engem Messer menacéiert an den anere Mann mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen, ier e sech aus dem Stëbs gemaach huet. De presuméierten Täter gouf kuerz drop vun der Police am Garer Quartier festgeholl. Well en nach ëmmer staark alkoholiséiert war, huet en d’Nuecht an der Ausniichterungszell verbruecht.

Géint 1.40 Auer e Sonndeg de Moie fréi huet eng Persoun zu Hielem probéiert, an eng Wunneng anzebriechen. De presuméierten Täter gouf spéider festgeholl a kënnt virun den Untersuchungsriichter.

An der Nuecht op e Méindeg géint 1 Auer huet en Onbekannten an der Rue de Bonnevoie an der Stad d’Fënster vun engem Vëlosgeschäft ageschloen, huet e Mountainbike geklaut an ass Richtung Gare geflücht. Den Täter war ongeféier 1,70 Meter grouss, hat e rouden Hoodie, eng schwaarz Jackett an eng Jeansbox un.

Zu Zéisseng an der Rue de la Forêt ass dann an der Nuecht op e Méindeg nach e schwaarze Range Rover Sport mat der Plack RG7478 geklaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO