Entrevue mam Schwéngs- a KäresecteurKris an der Landwirtschaft mécht sech och zu Lëtzebuerg bemierkbar

Claudia Kollwelter
Monica Camposeo
De Verbuet vum Glyphosat an d'Corona-Pandemie sinn zwee Facteuren, déi d'Landwirtschaft hei am Land zejoert markéiert hunn.

Dat geet aus dem Rapport vum Landwirtschaftsministère 2021 ervir. Mam Krich an der Ukrain steet de Secteur virun enger weiderer Erausfuerderung.

Wat d’Schwéngsproduktioun hei am Land betrëfft ass d’Situatioun vun zejoert mat där vun 2020 ze vergläichen. Et gouf plus ou moins d’nämmlecht vill produzéiert, mee de Präis ass erof gaangen, an zwar ëm 13,5 Prozent par Rapport zum Joer virdrun.

Situatioun Landwirtschaft / Rep. Claudia Kollwelter

Bei der Produktioun vu Kären dogéint gouf et eng liicht Hausse, souwuel an der Produktioun wéi och beim Präis. Deen ass ëm 24 Prozent geklommen.

De Landwirtschaftsminister Claude Haagen huet an de leschten Deeg d’Representante vu béide Secteure gesinn - also der Schwéngs- an der Käreproduktioun - fir iwwert déi aktuell Kris an der Landwirtschaft ze schwätzen. Ënnert anerem d’Hausse vun den Energiepräisser an déi enorm Präisser an deelweis Retarde vun de Liwwerunge vun Dünger hunn en enormen Impakt op d’Landwirtschaft.

Wéi kann dem Secteur ënnert d’Äerm gegraff ginn? Dat war Sujet Ufank der Woch am Conseil zu Bréissel, wou ënnert anerem Finanzhëllefe fir d’Produzenten decidéiert goufen.

D’Schwéngsproduzenten hei am Land hate schonn immens ënnert der Pandemie an der Schwéngspescht gelidden a kruten zejoert dofir och spezifesch Aiden proposéiert. No der Reunioun mam Secteur huet de Landwirtschaftsminister en drëtte sougenannten “Plan de soutien” decidéiert, a Form vun Aide au capital non remboursable, déi awer u verschidde Konditioune gebonne sinn.

En Donneschdeg wäert de Landwirtschaftsminister Claude Haagen iwwerdeems an der zoustänneger Chamberkommissioun de Bilan vum EU-Conseil, mä och vun dem sougenannte Schwéngsdësch a Kärendësch maachen.

25/03/2022 Agrarkommissioun 7h30 - Rep. Claudia Kollwelter

“D’Situatioun fir d’Landwirtschaft ass dramatesch an et feelt nach u konkrete Mesuren.” Dat sot d’CSV-Deputéiert Martine Hansen e Mëttwoch no der Agrarkommissioun an der Chamber. Et gëtt ënnert anerem op d’Aidë vum Wirtschaftsministère gewaart, well och d’Landwirtschaft vun den Energiepräisser concernéiert ass. Wat konkret Aidë fir de Secteur ugeet, si kuerzfristeg Hëllefe fir de Schwéngssecteur decidéiert ginn, genee wéi scho wärend der Pandemie. D’LSAP Deputéiert an Presidentin vun der Agrarkommissioun Tess Burton: “Si kënnen also eng drëtt Aide vun 40.000 Euro ufroen, fir der Situatioun gerecht ze ginn.”

Op EU-Niveau gouf decidéiert, datt e Kriseninstrument vu 500 Milliounen Euro fir d’Landwirtschaft zur Verfügung gestallt gëtt: “Dat bedeit fir Lëtzebuerg 3 x 450.000 Euro. Elo muss gekuckt ginn, wéi déi Aiden un déi betraffe Baueren ausbezuelt kënne ginn.”

D’CSV-Deputéiert Martine Hansen betount, datt net just d’Bauerebetriber concernéiert wieren, mee och déi Betriber, déi d’Produite verschaffen. Der CSV-Deputéiert no wier et donieft och wichteg, datt d’Geméisbaueren, déi och enorm vun der Energie ofhängeg sinn, gehéiert an ënnerstëtzt ginn, well een net riskéieren dierft, datt déi Betriber hir Dieren erëm mussen zoumaachen. Den EU-Conseil huet och decidéiert, datt Flächen, déi eigentlech sollten stëll geluecht ginn, elo awer beplanzt kënne ginn. D’Martine Hansen:

“Dat ass och eng Drëps op de waarme Steen. Dat mécht 220 Hektar aus hei am Land an et steet schonn de Gros vun de Kulturen, dat heescht et ass net alles méiglech. Wat d’Farm to Fork Strategie ugeet, hunn ech de Minister no senger Positioun gefrot, mee hien huet sech net geäussert.”

Den nächsten EU-Agrar-Conseil ass iwwerdeems den 7. Abrëll hei zu Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO