Wéi eng Medikamenter d’Déieren an Zukunft däerfe kréien, reegelt d'EU-Direktive 2019/6. Di Gréng hunn elo awer am Europaparlament eng Resolutioun eragereecht, déi e Verbuet vu Reserveantibioticken an der massiver Déierenhaltung fuerdert.
De President vun den Déierendokteren de Jean Schoos seet, dat wier net am Sënn vum Déierewuel. Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz ass awer der Meenung, et géinge vill Mëssverständnesser zirkuléieren.
D’Resolutioun fuerdert am Detail e Verbuet vum Asaz vu sougenannte Reserveantibioticke bei Déieren. Dës besonnesch staark Form vun Antibioticke soll an Zukunft an éischter Linn de Mënsche virbehale bleiwen. Duerch de villen Asaz, eben och an der massiver Déierenhaltung, entstinn nämlech ëmmer méi Resistenze géint de Wierkstoff.
“Bei der Resolutioun geet et et dorëm, dass d'Reserveantibioticken net méi prophylaktesch bei der massiver Déierenhaltung agesat ginn”, seet déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz. D’Biolandwirtschaft géing jo scho weisen, dass manner Asaz vun Antibiotik géing funktionéieren. Bei der Objektioun vun deene Gréngen am Parlament géing et awer op kee Fall ëm Hausdéieren an d'Eenzelbehandlunge vun Déieren duerch de Veterinär goen. Am Krankheetsfall, wann aner Antibioticke mussen ausgeschloss ginn, däerften och an Zukunft Reserveantibioticken agesat ginn.
D’Déierendoktere schloen awer elo wéinst där neier Propos vun deene Gréngen Alarm. Si soen, bestëmmte Krankheete bei Déiere kéinten net méi behandelt ginn. wann dës, esou wéi se den Ament virläit, géing duerchgoen. Am EU-Reglement vu de Medikamenter fir Déiere géing nämlech keen Ënnerscheed tëscht Haus- an Notzdéiere gemaach ginn. Eng Upassung wier hei wuel kuerzfristeg och net méi méiglech. E Verbuet fir dës Medikamenter géing dann also fir all Déier gëllen. A souguer wa géingen Ausname fir Eenzelbehandlunge gemaach ginn, géing et kee Pharmakonzern méi interesséieren, fir dës Medikamenter fir Déieren ze produzéieren. D’Reserveantibioticka aus der Humanmedezin wieren doriwwer eraus net präparéiert, fir se einfach esou engem Déier ze ginn.
Statistike weisen, dass 66 Prozent vun allen Antibioticke bei der Haltung vun Notzdéiere benotzt ginn. Dovunner 90 Prozent an der massiver Déierenhaltung. Et däerfte keng wirtschaftlech Interesse iwwert d‘Gesondheet vun de Mënschen an eng aartgerechter Déierenhaltung gestallt ginn, seet d’Tilly Metz. De Jean Schoos hält dogéint, datt 95 Prozent vun de Resistenze géint Bakterie vun de Mënschen, an nëmme 5 Prozent aus der Déierewelt stame géingen. Et kéint een net d’Antibioticke benotzen, fir Agrarpolitik ze maachen an eventuell géint d’Massendéierenhaltung virzegoen. Dëse Problem misst dann anescht gereegelt ginn.
Schonn am Januar d’nächst Joer soll d’Direktiv 2019/6 Kraaft trieden. Ob d’Resolutioun vun deene gréngen Europadeputéierten zréckbehale gëtt, muss sech nach weisen.