Kritik un der Verlängerung ëm ee Joer vum Energiepräisdeckel kënnt och vum Mouvement écologique. Domat géif de Staat weider déi dacks héich Energieconsommatioun vu méi räiche Stéit finanzéieren. De Mouveco wënscht sech eng méi fundamental Diskussioun doriwwer, wéi déi natierlech Liewensgrondlage kënnen erhale ginn, wéi déi ökologesch Transitioun konkret kann ëmgesat ginn a wéi vill, wéi eng Deeler vun der Populatioun, dozou solle bäidroen.
Déi jonk Gréng begréissen zwar allgemeng, dass bei der Tripartite en Accord fonnt gouf, ma kritiséieren, dass d’Fro vun der Géigefinanzéierung net gekläert ass an doduerch all Joer Honnerte Milliounen Euro feelen, fir am Interessi vun den nächste Generatiounen z’investéieren. D’Jugendsektioun vun der grénger Partei hätt sech gewënscht, dass d’Upassung vun der Steiertabell op d’mannst deelweis duerch eng Hausse vum Spëtzesteiersaz op ganz héije Paie géif finanzéiert ginn. Donieft missten d’Energiepräisbremse méi séier auslafe gelooss ginn.
D’Caritas hirersäits kritiséiert de Strenzprinzip vum Accord a wënsche sech méi sozial Selektivitéit.