GilsdrefKuerzfristeg keng nei Parkplaze beim LTA

RTL Lëtzebuerg
D'Parkingssituatioun ronderëm déi nei Akerbauschoul zu Gilsdref suergt schonn eng Zäit fir eng gewëss Opreegung. Fir elo ginn et awer emol keng nei Plazen.
© RTL

Laanscht d’N14 gëtt dacks wëll geparkt, ënner anerem vu Schüler.

Kuerzfristeg wäerten um Site selwer awer keng Parkplaze bäikommen. Dat gëtt de Bauten- a Mobilitéitsminister François Bausch der CSV-Co-Fraktiounscheffin Martine Hansen a senger Äntwert op hir parlamentaresch Fro ze verstoen. D’Surface vum Terrain géif dat net hierginn, sou de grénge Minister.

Déi 100 Parkplazen um Site wieren iwwerdeems fir d’Personal, Visiteuren a Leit aus de Weiderbildungscoursë reservéiert.

Allerdéngs géing d’Mobilitéitskonzept 2035 virgesinn, datt à long terme e Parkhaus ënne bei d’Dikrecher Schwämm soll gebaut ginn.

Dernieft géinge Ponts et Chaussées e Projet fir Foussgänger a Vëloen ausschaffen. Déi nei Pist soll laanscht d’N14 erop goen an d’Aarbechte kéinten 2024 ufänken.

RTL News: Park&Ride als Solutioun fir LTA?: Kee Kontakt tëscht Akerbauschoul an Ärenzdallgemeng

Back to Top
CIM LOGO