Den technesche Bilan vun der Generalinspektioun vun der Sécurité Sociale beschreift eng aktuell confortabel Situatioun am Régime général, mat virun allem zolitte Reserven. Allerdéngs muss ee sech laangfristeg eng afale loossen, fir net widder d’Rentemauer ze rennen.
Déi gutt Noriicht fir déi aktiv Leit virop: de globale Cotisatiounstaux vu 24%, opgedeelt op Salariéen, Patronen a Staat wäert bis 2032 net eropgoen, esou de Sozialminister Claude Haagen.
“D’Situatioun ass ganz gutt. D’Reserve leie bei 24 Milliarden Euro a maache 4,8 Mol d’Joresausgaben aus.”
Dat wier awer bekannt, am neie Rapport géinge keng Iwwerraschunge stoen, sou de Claude Haagen weider. Et bräicht kee sech Suergen ëm d’Pensiounen ze maachen.
Ma iergendwann funktionéiert den aktuelle Pensiounssystem am Privatsecteur awer net méi, well et par Rapport zu aktive Leit ze vill Pensionnairë wäert ginn a well d’Reserven opgebraucht sinn. Reserven, déi ënner anerem op d’Rendemente beim Pensiounsfong zeréckzeféiere sinn.
Hien hätt keng Glaskugel, seet den Kevin Everard vun der IGSS. Ma op Basis vun enger Rei Hypotheese goufen am neie Rapport entspriechend Projektioune gemaach.
“Vun engem gewësse Punkt u kënnt et zu engem Defizit. Wichteg Datumer sinn deen, wéini d’Reserv de seuil légal ënnerschreit, dat wär 2041 am Basis-Zenario. 2047 wieren d’Reserven dann opgebraucht.”
Vun 2027 u geet den aktuelle Saz vu 24% net méi duer. D’IGSS huet am Rapport schonn e puer Analyse gemaach, wéi een all deem entgéint ka wierken. Ënner anerem gëtt et e Besoin bei der Finanzéierung vun 2% méi pro Joer. Da gouf och de Wirtschafts- a Sozialrot vun der Regierung beoptraagt, sech dem Rapport unzehuelen a Conclusiounen ze zéien. Datt an der nächster Legislaturperiod misst legiferéiert ginn, wollt de Claude Haagen nach net confirméieren.
2020 gouf et iwwregens ronn 460.000 aktiv Assuréen. 54% wunnen zu Lëtzebuerg. 59% si Männer. Am selwechte Joer goufen et am Régime général 194.000 Pensionnairen, sou de Gérard Johanns vun der IGSS.
“Wou wunnen d’Beneficiairen, Pensionären? Knapp iwwer d’Hallschent si Residenten. De Rescht vun de Pensioune geet an d’ganz Welt awer virun allem an eis Nopeschlänner.”
Fir de Claude Haagen war d’Reform vun 2012 vu sengem Parteikolleeg an deemolege Sozialminister Mars di Bartolomeo iwwregens e Succès.