Télévie 2024 – 22. EditiounLancement vun der neier Spendenaktioun mat 3 neien Zenteren

RTL Lëtzebuerg
Den offizielle Start vun der neier Spendenaktioun vum Télévie war dëse Freideg, de 24. November an der RTL City.

De Lancement war a Presenz vun ënnert anerem der Coordinatrice vum Télévie, Diane Wunsch an der Presidentin vun der Foundation Kiwanis, Nathalie Weber-Frisch.

Iwwer 100 Gäscht, dorënner Benevollen, Sponsoren, Dokteren, Fuerscher souwéi d’Responsabel vun den alen an neien Télévie Centres de promesses sinn an der RTL City fir déi 22. Editioun vun der Spendenaktioun zesummekomm.

De Joel Marques Cunha huet dann och wärend der Live-Emissioun d’Lidd “Fix it” vu Coldplay gesongen.

© Henri Schwirtz

Wéi och a vergaangene Joren, gëtt den Télévie dëst Joer nees vum permanente Centre de promesses vu Rodange ënnerstëtzt. Dobäi kommen nei Zentren, d’Gemeng Habscht, d’Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg an d’Gemeng Noumer, déi sech och fir d’Editioun 2024 vum Télévie wäerte staark maachen an den Télévie duerch geziilten Spendenaktioune wäerten ënnerstëtzen.

Live! Planet People vum 24. November
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

Liewe retten an d’Fuerschung finanzéieren

Duerch d’Generositéit vun der Bevëlkerung an dem gemeinsamen Effort vun de Centres de promesses konnt den Télévie Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mat RTL Lëtzebuerg, dëst Joer eng Rekordzomm vun 1.639.570 Euro sammelen.

E bedeitenden Don, deen integral un d’Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg geet. Zanter der éischter Editioun vum Télévie Lëtzebuerg am Joer 2002, konnte bis haut 29.139.042 Euro gesammelt ginn. De Sënn an Zweck vum Télévie ass et fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukemie bei de Kanner virun ze bréngen. D’Aktioun Télévie lieft duerch Ären onermiddlechen Asaz, an dofir si mir och fir d’Editioun 2023 - 2024 op Iech ugewisen!

Back to Top
CIM LOGO