"Lët'z say no to violence against women"Lancement vun der Orange Week am Mamer Schlass

RTL Lëtzebuerg
Sënn vun der Orange Week ass et, op de Probleem vun der Gewalt géint Fraen a Meedercher opmierksam ze maachen.
© pexels.com / Anete Lusina

De Conseil national des femmes hat en Dënschdeg den Owend an d’Mamer Schlass invitéiert, wou déi 7. Editioun lancéiert gouf. Dës steet dëst Joer ënnert dem Motto “Lët’z say no to violence against women”.
Wéi d’Presidentin vum nationale Fraerot, d’Aldina Ganeto, erkläert huet, géifen eng vun dräi Frae weltwäit am Laf vun hirem Liewe Gewalt erliewen.

D’Aldina Ganeto iwwer d’Gewalt géint Fraen

D’Danielle Becker-Bauer huet als Coordinatrice vun der Orange Week ënnerstrach, datt et wichteg wier, datt een net ewechkuckt, wann ee mengt, datt eng aner Persoun Affer vu Gewalt gëtt.

Wärend där 7. Editioun vun der Orange Week gëtt et eng 50 verschidden Aktiounen, dorënner de Solidaritéitsmarsch e Samschden zu Ettelbréck.

Den Detail fënnt een op CNFL.lu.

Back to Top
CIM LOGO