Diskussioun an der ChamberLandesplanung: Méi verdichten a manner versigelen

Carine Lemmer
Aktuell gëtt un engem neie Programm Directeur vun der Landesplanung geschafft. D’Gemenge gi grad hiren Avis of.
© RTL

Méi verdichten a manner versigelen - Reportage Carine Lemmer

Lëtzebuerger ass 2.586 Quadratkilometer grouss. Dorunner léisst sech zimmlech sécher näischt änneren. Ëmmer méi Fläch gëtt verbaut a versigelt. Dat soll sech awer änneren.

Wéi Lëtzebuerg soll wuessen, war och e Mëttwoch Thema an der Chamber. D’CSV hat eng Aktualitéitsstonn gefrot. Méi verdichten a manner versigelen, ass d’Devise...

Dee Programme Directeur soll eng Richtung sinn, wéi eist Land soll wuessen. D’Iddi derhannert wär gutt, sot de Gilles Roth vun der CSV, mä de Wee dohinner net ëmmer: “Mir sinn der Meenung, datt hei iwwer d’Zil eraus geschoss gouf. D’Landesplanung ass fir eis eng Orientéierung. An déi soll mat de Gemengen a mat de Leit geschéien. Dat ass fir eis keen Dirigismus vun uewe mat engem Versigelungskoeffizient pro Gemeng.”

Datt d’Versigelung esou net ka weider goen, dat ass och fir d’Pirate kloer. Si kennen awer och den Dilemma vun der Landesplanung, sou de Marc Goergen, speziell och zu Lëtzebuerg: “Wa se net stéiert, agräift, koordinéiert an och mol eppes verbitt, da bréngt se näischt. Da brauche mer se net, da ginn et genuch där aner Ministèren. Wa se awer stéiert an agräift, jo..da wëll kee se hunn.”

Mä mussen a wëlle mer iwwerhaapt weider esou wuessen?, freet d’ADR. De Fred Keup mengt, d’Leit wéilte léiwer u fréier festhalen. Lëtzebuerg soll manner wuessen: “Eiser Meenung no kann den 1-Milliounen-Awunner-Staat net d’Zil sinn. Mir verzichte gär dorobber. An ech sinn iwwerzeegt, mat eis – an Dir kënnt gär dobaussen d’Leit froen, gären och mat Referendum – ganz vill Leit och.”

Den Equivalent vun 240 Futtballterraine ginn all Joer hei am Land zougebaut, huet den zoustännege Minister fir Landesplanung Claude Turmes ënnerstrach. Zil wär et, datt et bis 2035 op 120 Futtballterrainen erof geet. Et géif een dat och zesumme mat de Leit an de Gemenge maachen: “D’Gemengen hunn hir Planungs-Hoheit op hirem Territoire. Dat stellen ech net a Fro, dat stellt dës Regierung net a Fro. Mä dee seet, ech hunn eng Planungs-Hoheit, huet och Responsabilitéit. Responsabilitéit fir manner Terrainen an Zukunft ze versigelen.”

An dësem Programm sollen och d’Frontaliere berécksiichtegt ginn. 200.000 Grenzgänger hu mer aktuell. Dofir wëll een eng Strategie mat de Grenz-Nopeschgemengen.

Back to Top
CIM LOGO