
An 20 Fäll goufe Protokoller ausgestallt, well Restauranten oder Caféen sech net un déi sanitär Mesurë gehalen hunn, dat schonn deelweis iert déi nei Reegelungen a Kraaft getruede waren.
Ënnert anerem ass de Beamten de 24. November zu Esch e Café opgefall, an deem Clienten ouni Mask géife ronderëmlafen an hiert Gedrénks am Stoe consomméiert hunn.
Am Ganzen hunn am Kader vun de Kontrolle ronn 250 Persoune misste méi oder manner déif an d'Täsch gräifen. De gréissten Deel vun de Verstéiss ass op net Anhale vun der Ausgangsspär zeréckzeféieren.
D'Police erënnert dohier nach eemol un déi nei Mesuren, déi jo de 26. November a Kraaft getruede sinn:
- Maximal 2 Persounen, déi zu deem selwechten Haushalt gehéieren, dierfen ageluede ginn
- Fir d'Zäit tëscht 23 - 6 Auer gëllt eng Ausgangsspär
- Restauranten, Bistroen a Caféë mussen zou bleiwen
Eng Iwwersiicht a weider Detailer ginn et hei!
D'Police wäert och an Zukunft weider Kontrollen duerchféieren.