LandwirtschaftLandjugend a Jongbauere fuerdere besser Kommunikatioun a kompetente Minister

Monique Kater
D'Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere stellen hir Fuerderungen un d'Koalitioun vu muer.
Campagne vun de Jongbaueren an der Landjugend
D’Landwirtschaft bréicht en eegestännege Ministère mat engem Chef, deen de Secteur kennt, esou eng vun de Fuerderunge vun de Jongbaueren an der Landjugend.

En eegestännege Ministère an e Minister mat Fachwëssen, dee fir onkomplizéiert a séier Prozeduren asteet…D’Simplification administrative an eng praxisno Digitaliséierung wieren an der Landwirtschaft nach ëmmer quasi inexistent. Donieft misst den Ëmweltministère d’Geneemegungsprozedure fir hire Secteur iwwerschaffen.

Mir wëllen Ännerungen. Mir soen dat haart, well eng ganz Zäit scho gëtt eis Aarbecht duerch Prozeduren, administrativ Hürden a Reegele méi schwéier. Dofir géife mir gär mat an d’Boot geholl an e politeschen Decideur, dee weess, vu wat e schwätzt… esou kann ee resuméieren, wat déi modern Generatioun Bauere sech vun der neier Regierung erwaart. En neie President hu se jo schonn, en nawell groussen Tandeler, dee weess, wat net geet. Numm: Charel Ferring.

Si wéilten e Ministère, deen eegestänneg ass, also keen, dee mat engem Environnement zum Beispill zesummegeschloe gëtt. E Minister och, dee si versteet an den Agrarsecteur kennt.

De Jongbauere-President vu virdru sëtzt wuel deemnächst um Krautmaart, fir – sou hoffe si – hir Intressien ze vertrieden oder e klëmmt vläicht e Stack méi héich, hofft de Comité, dee weess, wat feelt – a punkto Diversifikatioun zum Beispill, dat wier engersäits gewollt, sou de Charel Welbes, Bauer vu Kanech, mee da géif den Environnement nees blockéieren.

Prett fir matzeschaffen, si se op alle Fall, prett och, fir Léisungen a Kompromësser ze sichen. De Jongbauere-President Charel Ferring weess, dass si mussen um Ball bleiwen, fir ze fäerten, wier hien awer net.

Et war kaum Press, mee dofir eng jett Politiker lauschtere komm, wat déi ze soen hunn, déi d’Landwirtschaft vun haut a muer duerstellen. Och wa si net méi zu terribel vill sinn, sinn a bleiwe si e wichtegen Deel vun eiser Liewensmëttelproduktioun.

Back to Top
CIM LOGO