Lëtzebuerger am Corona-AuslandLanzarote: Niddreg Zuelen an trotzdeem Abroch am Tourismus

RTL Lëtzebuerg
24 Grad waren et den Dënschdeg de Mëtteg um 16 Auer op Lanzarote.
Lanzarote: Niddreg Zuelen an trotzdeem Abroch am Tourismus
24 Grad waren et den Dënschdeg de Mëtteg um 16 Auer op Lanzarote.

Op der kanarescher Insel, wou den Timanfaya-Nationalpark doheem ass an och am Hierscht/Wanter nach ganz vill Touristen d'Insel besichen.

Dëst Joer ass och do alles anescht an dat obwuel op Lanzarote wéineg nei Fäll all Dag bäikommen, e Méindeg waren et zwou Neiinfektiounen.

D’Zuele gi virun allem och duerch extrem streng Strofen a Kontrollen probéiert, sou déif ze halen. An trotzdeem leide vill Awunner vun der Insel dorunner, dass den Tourismus wéinst dem Virus agebrach ass.

Mir hu mam Georges Theissen, deen den Ament do lieft, iwwert d’Situatioun geschwat.

Back to Top
CIM LOGO