Parlamentaresch FroLäsche mam Helikopter geschwë méiglech

RTL Lëtzebuerg
Domat huet sech d'Inneministesch Taina Bofferding an 3 parlamentaresche Froe vun den Deputéierte Marc Spautz, Gusty Graas a Sven Clement befaasst.
© AFP

Wéi et Enn Juli de Groussbrand op enger Wiss  zu Hamm gouf, war d'Diskussioun opkomm, ob esou grouss Vegetatiounsbränn net via e sougenannte Bambi Bucket* kéinte méi séier an effikass geläscht ginn, also andeems Läschwaasser mat Helikopteren iwwert dem Feier erofgehäit gëtt.

Esou gréisser Bränn goufen et am Juli jo och bei Athus, Rëmeleng a bei Suessem.

D'Air Rescue huet bis ewell keng formell Demande beim Staat eragereecht, fir entspriechend Pilote-Formatioune bezuelt oder subventionéiert ze kréien, informell wieren et sporadesch esou Gespréicher ginn.

Dat äntwert d'Inneministesch Bofferding op 3 verschidde parlamentaresch Froe vun den Deputéierte Marc Spautz, Gusty Graas a Sven Clement.

Dann ass et d'Präzisioun, datt am Ausland aus Sécherheets- a Visibilitéitsgrënn nuets keng Bränn aus der Loft geläscht ginn.

Et géif och dobäi bleiwen, datt d'Läsche vu Bränn essentiell eng Handaarbecht wier.

Dann informéiert d'Ministesch Taina Bofferding nach, datt déi 2 nei Airbus-Police-Helikopteren esou equipéiert sinn, datt och kann e Läschwaasser-Ausselaascht-Behälter installéiert ginn, de Bambi Bucket also.

*De sougenannte Bambi Bucket nennt de Sven Clement a senger parlamentarescher Fro fälschlecherweis Baby Bucket
*De sougenannte Bambi Bucket nennt de Sven Clement a senger parlamentarescher Fro fälschlecherweis Baby Bucket
© Bambi Bucket op Facebook

Dës Helikoptere kéinten och am Beräich vun der ziviller Sécherheet agesat ginn, eng Strategie, déi am Kader vun der Lutte géint Wisen- a Bëschbränn géif vum CGDIS "en place" gesat ginn, wann dat bis de Fall ass, géif och näischt dogéint schwätzen, fir da mat der Air Rescue iwwert d'Prise en Charge vun dësen eventuelle Käschten ze diskutéieren, sou d'LSAP-Inneministesch.

PDF: Äntwert vum Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Marc Spautz

Back to Top
CIM LOGO