
D’Firma Dupont Tejin Films géif keng Efforte maachen, fir op d’mannst en Deel vun den 160 Aarbechtsplazen z’erhalen, déi ewechfalen, wann déi zwou Produktiounslinnen zu Conter zougemaach ginn. Dat schreiwen d’Gewerkschaften LCGB an OGBL e Freideg.
Eng éischt Reunioun mat der Direktioun hätt gewisen, dass dës un hire Pläng, déi 160 concernéiert Leit z’entloossen, festhält. Donieft kéint d’Direktioun net soen, wéi et mat der leschter Produktiounslinn virugeet. Dëst wier ëmsou méi schlëmm, well d’Firma iwwer Méint Chômage partiel an Hëllefe vum Wirtschaftsministère kritt hätt.
D’Syndikater hunn dann och dem Aarbechtsminister de Rapport vun där Reunioun gemaach. Fir nächsten Donneschdeg ruffe si iwwerdeems zu engem Protestpiquet op.