3% Personal gëtt weltwäit ofgebautLCGB: Dupont de Nemours huet e Plang annoncéiert, fir Käschten anzespueren

RTL Lëtzebuerg
Bei Dupont de Nemours gi sech Suerge gemaach. 3 Prozent vum Personal weltwäit géingen ofgebaut ginn.
© AFP Archivbild

DuPont de Nemours, ee vun de weltwäit gréisste Konzerner an der chemescher Industrie, annoncéiert eng weltwäit Restrukturatioun. Eng 150 Milliounen Dollar sollen agespuert ginn. Dräi Prozent vun den Aarbechtsplaze sollen dofir gekierzt ginn. Bei den iwwer 23.000 Salariéë wieren dat eng 700 Plazen.

E Méinden de Moien hat d’Personaldelegatioun eng Reunioun mat der Direktioun vun DuPont Lëtzebuerg. Um Site vun der US-Entreprise zu Conter schaffen aktuell eng 850 Salariéen. En eventuellen Impakt op hir Aarbechtsplaze kann d’Direktioun bis elo net kommentéieren. “D’Planifikatioun wier ëmmer nach amgaangen, an et wier nach keng Decisioun geholl”, schreift DuPont an engem Communiqué.

D’Direktioun hätt annoncéiert, an den nächste Woche méi ze wëssen, betount de Sécrétaire général adjoint vum LCGB Robert Fornieri. De Grupp misst elo e Plang fir d’Reduktioun vun de Käschten ausschaffen. Dono ass eng Reunioun mat der Gewerkschaft virgesinn, wou eventuell Konsequenze fir Lëtzebuerg matgedeelt ginn. Dass d’Entreprise d’nächst Joer eng nei Produktiounslinn hei am Land lancéiert, wier awer e positiivt Signal, mengt de Sécrétaire général adjoint vum LCGB.

No Firme wéi Husky, Circuit Foil oder Goodyear, ass DuPont elo déi nächst, déi vun engem Ofbau vun Aarbechtsplazen hei am Land kéint concernéiert sinn. “Den LCGB ass beonrouegt iwwert dëse Genre vun Annoncë vun de groussen industriellen Entreprisen”, ënnersträicht de Robert Fornieri. Dat uneneereie vu Krisen am Secteur, an de leschten zwee bis dräi Joer géing Ufänken divers Konsequenzen op d’Beschäftegung ze hunn.

Nodeems am Abrëll eng sektoriell Tripartite fir d’Industrie aberuff gi war, fuerdert den LCGB elo, dass een erëm un den Dësch kënnt, fir de Point ze maachen. Wann et sech ëm eng konjunkturelle Situatioun géing handele misst een iwwer Mesuren nodenken.

Hei d’Reaktioun vun Dupont de Nemours op d’Aussoe vum LCGB

« Ce matin, en effet la direction de DuPont Luxembourg et la délégation du personnel se sont réunies. Pendant cette réunion la direction de DuPont Luxembourg a donné des explications suite à l’information de la direction de DuPont aux Etats-Unis, partagée la semaine dernière. Le plan de restructuration proposé est une réponse aux conditions commerciales difficiles et à l’incertitude macro-économique. Bien que la planification soit toujours en cours et qu’aucune décision n’ait été prise à ce jour, nous nous attendons à ce que les changements soient mis en œuvre entre la fin de l’année 2023 et le début de l’année 2024. Pour le moment on ne sait pas encore si et comment le site DuPont à Contern sera affecté. »

Back to Top
CIM LOGO