Kee BedruchLeit vun UNICEF gi vun Dier zu Dier, fir Donateuren ze fannen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer déi lescht Deeg hu sech villäicht eng Partie Leit gewonnert, well Mataarbechter a Benevolle vun UNICEF duerch d'Stroosse gaange sinn.
© Screenshot Facebook

Bei ville Leit ass deels Skepsis opkomm. Op RTL-Nofro huet UNICEF awer matgedeelt, datt et awer Leit vun UNICEF sinn, déi uechter d’Land vun Dier zu Dier ginn, fir nei reegelméisseg Donateuren (Global Parents) ze fannen. Op dëser Säit fannt Dir d’Lokalitéite vun der Woch. Unicef publizéiert déi och all Woch op hirer Facebooksäit.

D’UNICEF-Ekippe sinn un hirer bloer Kleedung mat UNICEF-Logo ze erkennen. Si hunn e Badge mat hirer Carte d’Identité bei sech. Si froen ni no Boergeld. D’Aschreiwung, fir reegelméissegen Donateur ze ginn, funktionéiert iwwer Formulaire, deen op engem Tablet ausgefëllt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO