Wéi gesäit déi zukünfteg Oppositioun aus?Lénke Block kéint gestäerkt ginn, ma och eng staark ADR

Tim Morizet
D'Partei-Gremie gesi sech e Méindeg. Wien also op wéi enger Säit an der Chamber sëtzt kéint sech déi nächst Stonnen, respektiv déi nächst Deeg decidéieren.
Lénke Block kéint gestäerkt ginn, ma och eng staark ADR
D’Partei-Gremie gesi sech e Méindeg. Wien also op wéi enger Säit an der Chamber sëtzt kéint sech déi nächst Stonnen, respektiv déi nächst Deeg decidéieren.

E lénke Block an der Oppositioun zeechent sech of: LSAP, déi Gréng an déi Lénk. Zesummen kéime si op 17 Sëtz – och wann eng LSAP sech kämpferesch weist a sech aktuell net an der Oppositioun gesäit. Den LSAP-Co-Parteipresident Dan Biancalana:

“Eis Spëtzekandidatin Paulette Lenert huet ganz kloer gesot, datt mer gespréichsbereet sinn. Dat ass nach ëmmer de Fall.”

Fir déi nei Oppositioun gëllt et sech séier eranzeschaffen, esou de Constat vun déi Gréng virun der Press. Egal op d’Koalitiouns-Resultat duerno schwaarz/blo oder schwaarz/rout heescht. Déi Gréng Co-Parteipresidentin Djuna Bernard sot dozou:

“Ech weess nach net, wat am Regierungsprogramm wäert drastoen. Dee gëllt et herno ze analyséieren an direkt vun Ufank un drop opzepassen, datt d’Land kee Réckschrëtt mécht, mee an de Fortschrëtt investéiert, ewéi mir virun 10 Joer.”

Eng lénks-orientéiert Oppositioun ass eng Méiglechkeet, fir alternativ Projete fir Lëtzebuerg ze schafen, fannen déi Lénk. Hire Parteipsiecher Gary Diderich:

“Dat war den Ament an der Oppositioun méi schwéier. Ma wa progressiv Forcen zesummen an enger Oppositioun sinn, dann ass et hir Responsabilitéit zesummen ze schaffen an déi Alternative staark no baussen ze vertrieden.”

Knapp 30 Porzent vun de Lëtzebuerger wiele konservativ, knapp 10 Prozent riets. De Ruck an der Gesellschaft vu lénks no riets ass net méi ze ignoréieren. D’ADR gesäit hir Opportunitéit dës Legislatur-Period an Chamber. De Parteipresident Fred Keup sot dozou:

“Mir si vläicht net ëmmer op der Linn vun enger LSAP, wann déi elo sollt an der Oppositioun landen, oder deene gréngen oder deene lénken. Dat gëtt eng intressant Oppositioun. Wann dat sech elo esou erausschielt, ewéi et grad ausgesäit, datt et eng DP/CSV Koalitioun kéint ginn, da gëtt et, well et och méi Parteie sinn ewéi d’lescht Kéier, eng staark Oppositioun.”

Back to Top
CIM LOGO