
Vun hiren 19 Kandidate sinn der allerdéngs 10 fir d’éischte Kéier op enger Lëscht.
Spëtzekandidat ass den Député-Maire Dan Biancalana, dee sech zesumme mat de 4 aktuelle Schäffe Josiane Di Bartolomeo, Claudia Dall’Agnol, René Manderscheid a Loris Spina de Wieler stellt.
Vun den aktuellen LSAP-Conseillere geet zu Diddeleng just de Bob Claude net méi mat d’Walen. Den Ament stellen d’Sozialisten an der “Forge du Sud” 10 Gemengeconseilleren, d’CSV huet 5 Sëtz, déi Gréng der 2, déi Lénk stellen ee Conseiller an de Vic Haas ass onofhängege Conseiller.
D’Altersmoyenne vun den Diddelenger LSAP-Kandidate läit bei 46 Joer, op der Lëscht stinn 9 Fraen an 10 Männer. D’Lëscht gouf en Donneschdeg den Owend vun der Diddelenger LSAP-Sektioun gutt geheescht.