
Mat op der Lëscht sinn och nees d’aktuell véier CSV-Conseillere mat der Marianne Baustert-Berens, der Anouk Boever-Thill, dem Claude Clemes an dem Michel Martins De Sousa. Op der Monnerecher CSV-Lëscht si siwe Fraen a sechs Männer.
Net méi mat an d’Gemengewale geet d’Deputéiert Nancy Kemp-Arendt, déi 2017 Zweetgewielt op der CSV-Lëscht war, mä dräi Joer drop als Schäffen demissionéiert hat.
Aktuell gëtt Monnerech vun enger CSV-DP-Koalitioun geleet, wou d’CSV fënnef Mandater huet an d’DP der zwee, an domat och déi zwee Schäffe stellt.