
Spëtzekandidat ass deemno nees den aktuelle Kielener Buergermeeschter Félix Eischen. Och de Schäffe Romain Kockelmann an déi dräi Gemengeconseilleren Natascha Koch, Guy Breden a Guy Kohnen stinn op der Lëscht.
Zu Kielen ass d'CSV mat fënnef Mandater an enger Koalitioun mat der LSAP, déi dräi Conseilleren stellt.