"Wir möchten Konkretes, nicht nur Blabla"Lëtzebuerg an d'Saarland wëllen nach méi zesumme schaffen

RTL Lëtzebuerg
Dat sot de Premier Xavier Bettel en Donneschdeg de Mëtten, wärend enger Visitt vun der saarlännescher Ministerpresidentin Anke Rehlinger.
© SIP/Emmanuel Claude

Dat zum Beispill an de Beräicher Transport, Wëssenschaft, Formatioun a Fuerschung.

“Und wir möchten Konkretes, nicht nur Blabla, sondern Konkretes”, sou de Xavier Bettel. De Grand-Duché soll besser un déi grouss Linne vun der Deutschen Bahn ugebonne ginn an däitsch Frontaliere solle besser Homeoffice-Reegele kréien.

An der Groussregioun ginn et am Ganzen 260.000 Frontalieren, knapp 210.000 dovu kommen op Lëtzebuerg fir ze schaffen.

PDF: Pressecommuniqué vum Staatsministère

Back to Top
CIM LOGO