No der Entrevue haut zu Berlin, war de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes déck zefridden: „Dat ass elo grad a fir den nächste Wanter immens wichteg. Ech hat am Februar d‘Initiative geholl fir all d‘Ministere vun deene Länner zesummen ze ruffen a mir hunn elo all zesummen e schrëftlechen Accord ënnerschriwwen, dass mir eis géigesäiteg hëllefen, doduerch dass mir déi Gasspäicher gutt fëllen. Zu 90 Prozent, dass se virum Wanter voll sinn. Duerno hëllefe mir eis iwwer d‘Grenzen ewech fir wann et mam Putin sollt méi rau ginn.“
En eegene Stockage wäert Lëtzebuerg net kréien. Wéi am neien Accord virgesinn, soll d‘Regierung d‘Gas-Entreprisen hei am Land encouragéieren, d‘stockéiert Kapazitéiten aus anere Länner ze benotzen. D’Käschte fir de Stockage gi gläichméisseg tëscht de Signatairen opgedeelt.
Déi däitsch Regierung huet déi éischt Phase vun engem Noutfallplang aktivéiert. Domat antizipéiert een e méigleche Liwwerstopp aus Russland.
Esou eng Alerte ass zu Lëtzebuerg net néideg Claude Turmes: „Mir ginn haaptsächlech iwwer eng Pipeline aus Norwegen beliwwert. Awer och iwwer Zeebruges, wou d‘Belsch en Hafen hunn, wou déi grouss Flësseggasschëffer aus der ganzer Welt kënnen ukommen. Dofir brauche mir elo nach net an déi Pre-Alerte ze goen. Mir si manner ofhängeg vum russesche Gas, ewéi Däitschland oder Éisträich.“
D’Flësseggas-Liwwerunge fir d‘Europäesch Unioun aus den USA, begréisst de Claude Turmes kuerzfristeg fir vu Russland onofhängeg ze ginn. Op laang Dauer géif ee just duerch den Ausbau vun den erneierbaren Energië richteg fräi ginn.
Zejoert wären 10 mol méi Solarpannelen opgeriicht ginn ewéi an deene Jore virdrun. Bei aktuellen Demandë fir Wandrieder sollen d‘Geneemegungsprozeduren acceleréiert ginn. De Claude Turmes seet, hie wär dofir a Kontakt mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
Déi bescht Energie wär dem zoustännege Minister no awer déi gespuerten. D‘Industrie, de Staat an och d‘Stéit misste manner verbrauchen.
De Claude Turmes verweist op d‘Primm House, wou Privatleit zum Beispill finanziell gehollef kréien, wann se hir Gasheizung duerch eng sougenannt Wärmepompel ersetzen. Déi Aiden sollen en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt ginn, esou de Claude Turmes nach.