
De SSNUP, Smallholder Safety Net Upscaling Programm, soll virun allem déi méi kleng landwirtschaftlech Exploitanten a méi problematesche Regiounen ënnerstëtzen.
De Fokus läit um afrikanesche Kontinent, esou d'Laura Foschi, Executive Director, bei der ada.
„10 Millioune Stéit vun esou Exploitante solle vun dëser Initiativ profitéiere kënnen. Dat Ganzt iwwert eng Period vun 10 Joer. Déi éischt Phase an en éischte Bilan gëtt no 3 Joer gezunn.“
Den Accord wier ee vun den Instrumenter vun der Finanzplaz, déi et erméiglechen, d'Ënnerstëtzungsmoossnam virun ze bréngen, esou de Kooperatiounsminister, Franz Fayot.
„Dat heiten ass e Projet, dee vun der Lëtzebuerger Kooperatioun geleet gëtt a wou Investmentfongen an Impaktfongen agesat ginn, fir an dësen Entwécklungslänner bis zu 3 Millioune klenge Baueren ze hëllefen, méi produktiv a virun allem méi resistent ze ginn.“
An enger éischter Phas, déi bis Enn 2023 leeft, gi vu Lëtzebuerger Säit 3 Milliounen Euro an aus der Schwäiz 9,5 Millioune Schwäizer Franken investéiert.
„Wann de Programm da weider leeft, da soll dee ganze Programm op 50 Milliounen Euro opgestockt ginn. An da geet natierlech och d'Enveloppe vu Lëtzebuerg proportionell an d'Luucht.“
Besonnesch wärend der Corona- a Klimakris hätte sech d'Couloirë fir den Transport vun Hëllefsgidder limitéiert. D'Hëllef beim Opbau vun enger staarker Autonomie wier onëmgänglech, esou nach de Constat.
