
Et misste méi Méiglechkeete geschaaft ginn, fir bei ëffentleche Consultatioune matzemaachen. Ënnert anerem dat recommandéiert d’EU-Kommissioun dem Grand-Duché an hirem neiste Rapport iwwert den Etat de droit.
Dora ginn all Joer d’Efforte vun de Memberlänner a Punkto Rechtsstaat evaluéiert. Allgemeng hunn déi eenzel Länner déi lescht 12 Méint gutt geschafft. 65 Prozent vun de Recommandatioune vun zejoert sinn deels oder ganz ëmgesat ginn.