Sam Tanson"Lëtzebuerg, e Land wou all Kand déi selwecht Chancen huet"

Diana Hoffmann
Frank Goetz
Tim Morizet
D'Spëtzekandidatin vun deene Grénge fir d'Chamberwale war Invitée am RTL-Journal.
RTL-Interview Sam Tanson
D’Spëtzekandidatin vun deene Grénge fir d’Chamberwalen war Invitée am RTL-Journal.

Et hätt een e gudde Bilan ze verdeedegen, seet d’Spëtzekandidatin vun déi gréng, d’Sam Tanson. Op déi schlecht Ëmfrowäerter vun der Partei ugeschwat, seet si, dat wiere Momentopnamen. Doriwwer eraus wier et awer och esou, dass d’Leit am Sondage uginn hätten, zefridden ze si mat ville vun de Ressorten, déi vun déi gréng geleet ginn. Als Beispill wier d’Mobilitéit ze nennen.

An den nächste Méint bis zu den Nationalwalen am Oktober géing et dorëm goen ze erklären, wéi ee wëllt zukunftsweisend Politik maachen, a wéi een den Erausfuerderunge wëllt begéinen. Eng dovunner ass d’Klimapolitik. Woubäi sech antëscht all grouss Partei de Klima- an Ëmweltschutz op de Fändel schreift. «Et ass wichteg, dass jiddereen sech mat där Fro beschäftegt», ënnersträicht d’Sam Tanson. Mee déi aner Parteie géingen dëst dacks dach mat vill «Wenn und Aber» maachen. Deene Grénge wier och bewosst, dass ee fir eng konsequent Klimapolitik ze maachen, net just d’Leit, mee och d’Wirtschaft misst mat op de Wee huelen.

Den historesche Score vun de leschten Nationalwalen 2018 vu 6 op 9 Sëtz gëllt et dëst Joer ze verdeedegen. En erkläerten Zil, wéi d’Spëtzekandidatin betount. Bei der Fro nom Wonsch-Koalitiounspartner léisst d’Sam Tanson sech wéineg iwwerraschend dann net an d’Kaarte kucken. «No de Wale gi Resultater gekuckt a Programmen ofgeglach», erkläert si. Et musst ee sécher sinn, dass eng Koalitioun fir en zukunftsfäegt a gerecht Lëtzebuerg entsteet. Mat roude Linne géing si net gäre schaffen, well ee fir eng Koalitioun ëmmer misst kompromëssbereet sinn.

Wichteg fir déi gréng wier, dass een de Kanner e gutt Lëtzebuerg hannerléisst, wou all Kand déi selwecht Chancen huet. An dat misst e räicht Land wéi Lëtzebuerg fäerdeg bréngen.

De Stempel vun der Verbuetspartei lassginn

D’Motivatioun bei deene Gréngen, fir am Oktober par Rapport zu de Gemengewalen, nees Terrain gutt ze maachen, déi ass grouss. E Wal-Programm, zougeschnidden op de Klima, soll déi néideg Zuel u Wieler an d’Boot huelen. Mä d’Partei kämpft, och duerch international Facteuren, géint de Stempel vun enger Verbuets-Partei.

Stempel vun der Verbuetspartei
D’Motivatioun bei deene Gréngen, fir am Oktober par Rapport zu de Gemengewalen, nees Terrain gutt ze maachen, déi ass grouss.

Back to Top
CIM LOGO