Ëm weider 2,5 Milliounen EuroLëtzebuerg erhéicht humanitär Hëllef fir d'Gazasträif

RTL Lëtzebuerg
Mat de Sue solle verschidden Organisatioune vun de Vereenten Natiounen oder och d'Rout Kräiz ënnerstëtzt ginn.
© MAJDI FATHI / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Wéi et an engem gemeinsame Schreiwes vum Ausseministère a vu der Kooperatiounsdirektioun heescht, sollen d’Suen ënner anerem genotzt ginn, fir de Leit provisoresch en Dag iwwert dem Kapp kënnen ze ginn. Ausserdeem sollen de Kaf vu Liewensmëttel a psychologesch Hëllef finanzéiert ginn.

De Gros vun de Suen, 2,3 Milliounen Euro, ginn u verschidden humanitär Organisatiounen an der Gazasträif. Dorënner den UN-Büro fir d’palästinensesch Flüchtlingen am Noen Osten, dat internationaalt Rout Kräiz, de Welt-Ernärungsprogramm, de Koordinatiounsbüro fir humanitär Ugeleeënheeten an den norwegesche Flüchtlingsrot.

Jeeweils 100.000 Euro fléissen u Caritas Lëtzebuerg an un Handicap International Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO