Ëmwelt- an EnergieministèreLëtzebuerg erreecht CO2-Reduktiounsziler fir d'drëtt Joer hannerteneen

RTL Lëtzebuerg
Den Ëmwelt- an Energieministère hunn e Freideg hire virleefege Bilan fir d'Joer 2022 publizéiert.
© afp

Lëtzebuerg wier um gudde Wee, d’Zil vun enger Zäregas-Reduktioun ëm 55 Prozent bis 2030 ze erreechen. Aus dem Bilan geet ervir, datt de Grand-Duché no 2020 an 2021 d’lescht Joer seng CO2-Ziler fir dat drëtt Joer hannerteneen erreecht hätt.

Am Joer 2022 goufen dem provisoresche Bilan no zu Lëtzebuerg eng 7.077.500 Tonne CO2 ausgestouss. Dat wiere ronn 12 Prozent manner wéi am Joer virdrun. Am Verglach zum Joer 2019 - also dem Joer virun der Pandemie - war et eng Baisse vun 23,4 Prozent, am Verglach zum Referenzjoer 2005 waren et souguer -30 Prozent.

Sollt sech de Bilan esou confirméieren, wier een 2022 eng 700.000 Tonnen (9 Prozent) ënnert er Emissiouns-Allocatioun fir d’Joer. De Bilan weist awer och, datt verschidde Secteuren hir Ziler besser erreechen, wéi anerer. Am Immobiliesecteur an an der Industrie goufen d’Ziler zum Beispill net erreecht. Trotzdeem wieren d’Emissiounen och an deenen zwee Secteure par rapport zum Joer virdru staark zeréckgaangen.

PDF: Bilan provisoire des émissions de gaz à effet de serre

Back to Top
CIM LOGO