StatecLëtzebuerg hätt mat de längsten Aarbechtswee an Europa, sou Etüd

RTL Lëtzebuerg
Dobäi ass bewisen, dass, wat Leit méi laang op d'Aarbecht brauchen, wat se manner zefridde sinn an dacks eng nei Plaz sichen

Statec Aarbechtswee / Reportage Nadine Kremer

10 Prozent vun den Awunner brauche manner wéi 10 Minutten op d'Aarbecht, 13% méi wéi 50 Minutten. Dobäi sinn 90% vun deene Séieren zefridde mat hirer Aarbecht géint just 74% vun deenen, déi mindestens 50 Minutte brauchen.

D'Donnéeë si gréisstendeels vun 2019, also aus enger pré-Covid Zäit. Nëmme Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen, fléissen an des Etüd mat an, Frontaliere sinn ausgeschloss, wéi Anne Hartung vum Statec erkläert.

Das heisst de facto ist die Pendeldauer noch viel länger, wenn man bedenkt, dass auch noch aus der Großregion viele anreisen. Also die Pendeldauer unter den Leuten, die hier arbeiten in Luxemburg und davon sind ja 46% Grenzgänger, ist dann noch länger.

Vun 10 Persoune fueren der 6 all Dag mam Auto, 2 mam ëffentlechen Transport an 3 ginn der ze fouss. Hei konnt ee méi Méiglechkeeten uginn. D'Pandemie huet un dëse Gewunnechten net vill geännert. D'Leit hu liicht manner d'Tendenze mam ëffentlechen Transport ze fueren, obschonn en antëscht gratis ginn ass. Dat kéint sinn, well se mam Bus oder Zuch 25 Minutten ënnerwee sinn. Dat sinn der 5 Minutte méi, wéi mam Auto. Oder well d'Leit aus Angscht an hygienesche Grënn an der Pandemie manner den ëffentlechen Transport benotzen.

Knapp iwwer d'Hallschent vun der Lëtzebuerger Populatioun brauch manner wéi eng hallef Stonn fir op d'Aarbecht géint 67 Prozent vun den Europäer. Just d'Awunner aus Lettland fueren nach méi laang wéi mir.

Am Géigendeel zu de Meeschten aneren europäesche Länner sinn zu Lëtzebuerg Leit, déi op wéineg bewunnte Plaze wunnen, am Längsten ënnerwee. Dëst betrëfft virun allem d'Leit vun Dikrech, Iechternach, Esch/Uelzecht a Réiden, déi an der Stad schaffen. Dat ass, well een Drëttel vun den Aarbechtsplazen an der Stad sinn. D'Stater sinn dowéinst am séiersten op der Aarbecht.

Das ist interessanterweise genau umgekehrt als im Rest von Europa, wo eigentlich die Städter relativ lang brauchen durch den dichten Verkehr und die vielen Arbeitgeber die sich in der Stadt befinden. Und in Luxemburg ist es umgekehrt dass die, die in der Stadt sind durch die relativ kleine Stadt Luxemburg nicht so lange brauchen.

Dräi Véierel vun de Leit fueren all Dag op de Büro. Independante schaffen fënnef Mol méi dacks vun doheem aus, wéi ee Salarié. Duerch d'Pandemie ware méi Persounen am Télétravail an d'Zäit fir op d'Aarbecht ze fueren ass vu 25 Minutten an der Moyenne op 15 erofgaangen. Mëttlerweil ass se erëm op 20 Minutten erop.

Back to Top
CIM LOGO