"Keng europäesch Solidaritéit"Lëtzebuerg hëlt Deel vu Flüchtlinge vu Malta bei sech op, sou de Jean Asselborn

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg hëlt Migranten, déi zu Malta konnten u Land goen, op. Dat huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn RTL géintiwwer confirméiert.

Ënnert de 64 Migranten, déi aus dem Mier gerett goufen an duerno 10 Deeg laang um Schëff blockéiert waren, wären Fraen a Kanner. Déi hätten fir d'Lëtzebuerger Hëllef Prioritéit, esou de Jean Asselborn.

Malta hat akzeptéiert, d'Migranten u Land ze loossen, nodeems en Accord mat Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich a Portugal fonnt gouf, fir d'Migranten opzehuelen.

De Jean Asselborn ass méi ewéi enttäuscht, dass just véier Länner sech bereet erkläert hunn, fir Leit opzehuelen. Dat wär kee Beweis vun der europäescher Solidaritéit, esou de Lëtzebuerger Chefdiplomat.

Et géif kee vun hinnen op Malta bleiwen. Dat hat de maltesesche Premierminister Joseph Muscat op Twitter annoncéiert. Den Inselstaat kéint dës Laascht net eleng droen, esou de Premier weider.

Wéi vill vun de concernéierte Persounen am Grand-Duché opgeholl ginn, wär nach net kloer, esou de Lëtzebuerger Chefdiplomat. Dat kéint een eréischt am Laf vun der nächster Woch präziséieren. D'Hëllef fir déi Concernéiert hätt wéi gesot, Prioritéit.

Back to Top
CIM LOGO