Trotz héijen InvestissementerLëtzebuerg huet en Ofwaasser-Problem

Pierre Jans
Zwar ass d'Land zanter Mëtt Januar d'lescht Joer EU-konform, muss also keng Strofe méi bezuelen, an awer ginn et Defiziter, confirméiert de Ministère.
Lëtzebuerg huet en Ofwaasser-Problem
Zwar ass d'Land zanter Mëtt Januar d'lescht Joer EU-konform, muss also keng Strofe méi bezuelen, an awer ginn et Defiziter, confirméiert de Ministère.

Et probéiert een, de Problem an de Grëff ze kréien, ënnert anerem mat neie biologesche Kläranlagen. Esou eng gouf e Freideg zu Bëschrued am Nord-Westen ageweit.
Et blubbert elo zu Bëschrued. Déi biologesch Kläranlag ersetzt déi zwou mechanesch. Den Ënnerscheed wär deen, dass déi mechanesch Anlagen e Rendement vun 30 Prozent hunn an déi biologesch erop bis op 95 Prozent ginn, sou de Roland Schaack, Direkter vum Syndicat des eaux résiduaires du Nord (Siden). D'Baach muss elo also just nach mat 5 Prozent Réckstänn eens ginn.

Lëtzebuerg war bis viru kuerzem nach e schlechte Schüler wat d'Gestioun vum Ofwaasser ugeet. A krut duerfir Strofen. 2013 d'Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff: de Grand-Duché muss 2 Millioune bezuele plus 2.800 Euro pro Dag deen d'Kläranlagen net konform sinn. Um Ënn huet Lëtzebuerg a 6 Joer eng Zomm vu 6 Milliounen Euro bezuelt. An de leschte Joren huet ee sech druginn. De Problem bleift.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg: Mir mussen de präventive Volet, also den Ausbau vum Reseau, de Kläranlagen, de Leitungen an de Retentiounen, virundreiwen. An de leschte Jore goufe vill Efforte gemaach. Doduerch dass mir am neie Waassergesetz d'Tauxe vun der staatlecher Bäihëllef vu 65 op 50 Prozent erofgesat hunn, huet zum Beispill eleng de Siden 90 nei Dossieren eraginn.

A leschter Minutt nach vum alen Taux profitéieren also. An Zukunft mussen d'Gemenge 50 Prozent selwer finanzéieren, déi krite se iwwer d'Waasserrechnung vun de Bierger jo awer zeréck, esou argumentéiert de Ministère.

Den nationale Plang: 37 nei biologesch Anlagen ewéi dës hei zu Bëschrued. Eng 60 bestoend biologesch Anlage solle vergréissert ginn. Ee vun de gréisste Projeten am Norden op der Bleesbréck. Déi iwwerlaascht Kläranlag gëtt dräi Mol sou grouss an dat fir 81 Milliounen Euro.

Déi Responsabel schwätze scho vun der nächster Etapp am Moderniséierungsprozess bei de Kläranlagen.

De President vu Siden Aly Kaes: Et geet einfach dorëm Réckstänn vu Pestiziden a Medikamenter aus dem Waasser erauszehuelen. Dat ass nëmme méiglech mat enger véierter Rengegungs-Etapp. Dofir musse bestoend an awer och déi nei Anlagen an Zukunft nogerëscht ginn.

Eng Populatioun déi wiisst, wäert de Problem Ofwaasser net lass ginn.

Back to Top
CIM LOGO