
Bis ewell hätt d’EU-Kommissioun en Accord d’achat anticipé mat engem Multi-nationale Pharma-Betrib ënnerschriwwen, fir d’Bereedstelle vun 300 Milliounen Impfstoff-Dosen. Fir de Grand-Duché wär automatesch e prorata vun 0,14% vun der globaler Commande virgesinn, also 420.000 Unitéiten.
Wann néideg, kéint een och ëmmer nach zousätzlech Dosen iwwert d’EU-Kommissioun bestellen, präziséiert d’Ministesch.