Stabil PerspektivenLëtzebuerg kritt vu Rating-Agence Fitch den Triple A

RTL Lëtzebuerg
Domadder behält de Grand-Duché déi bescht méiglech Notatioun.
© AFP-Archiv

Den “AAA” resultéiert aus zolitten ëffentleche Finanzen an eng wirtschaftlecher Widderstandsfäegkeet vum Land, trotz engem aktuell onsécheren Ëmfeld, schreift de Finanzministère.

Well d’Konjunktur an Europa ofbremst, gesäit d’Agence eng Baisse vun der Croissance vum PIB vun 1,5% fir dëst Joer vir. 2022 waren et 2%. Wéinst de Mesurëpäck wéi den “Energiedësch” an de “Solidaritéitspak” géif d’Kafkraaft, d’privat Consommatioun an den Niveau vun den Investissementer awer weider favorabel evoluéieren.

PDF: Schreiwes vum Finanzministère (14.1.23)

Back to Top
CIM LOGO