StatecLëtzebuerg limitéiert de Schued, heescht et am neiste Konjunkturflash

RTL Lëtzebuerg
De PIB wier duerch den Impakt vum Lockdown am zweeten Trimester historesch agebrach, ëm 7% am Verglach mat den dräi Méint. Minus 7,8% am Joresverglach.
© AFP (Archiv)

Dës Chute, sou de Statec, géif sech am Verglach zum Rescht vun der Eurozon a Grenzen halen. Et géif den Ament duerno ausgesinn, wéi wa Lëtzebuerg bei deene Länner wier, déi am mannste vun der Kris getraff gi sinn. Previsioune bleiwen awer weider schwiereg.

D'Statistikamt geet den Ament dovunner aus, datt d'Rezessioun wuel awer net am drëtten Trimester weidergeet. Déi meescht Indicateure géifen effektiv no hirem Déifpunkt am Mäerz, Abrëll, nees kloer no uewe weisen. De weidere Verlaf bis Enn dës Joers bleift awer ongewëss, wéinst dem onséchere sanitäre Kontext. Déi neisten Hausse bei de Covid-Infektiounen am Hierscht kéinten nees op d'Ekonomie an d'Vertrauen drécken.

An och wann d'Chômagezuelen am September zréckgaange sinn, bedeit dat net, datt mer um Aarbechtsmaart iwwert de Bierg wieren. Dem Statec no weisen eng Rei Indicateuren éischter an eng aner Richtung, mat Sozialpläng an enger Hausse bei den neien Aschreiwunge bei der Adem virop. Och wier d'Kuerzaarbecht bis elo nach ëmmer op engem  héijen Niveau.

Den Tourismussecteur leit den Ament nach am meeschten ënnert de Konsequenze vun der Pandemie.

An och den Autosmarché ass nach net op selwechten Niveau wéi an normalen Zäiten. An den éischten 8 Méint si ronn e Véierel manner nei Autoe kaf gi wéi 2019.

Back to Top
CIM LOGO