Ukrain-KrichLëtzebuerg liwwert 14 gepanzert Ambulanzen

RTL Lëtzebuerg
D'Gefierer goufen a Groussbritannie vu Spezialisten ëmgebaut a solle fir medezinesch Transporter am Krichsgebitt agesat ginn.
© RTL

Wéi et an engem Schreiwes vun der Direction de la défense heescht, sinn 8 vun dëse Gefierer an der Woch zu Lëtzebuerg passéiert. Déi aner ginn direkt vu Groussbritannien erfort an d’Ukrain geliwwert.
De Lëtzebuerger Verdeedegungsministère schaaft an dëser Saach mat den Associatiounen “LUkraine"an “Ukraine is calling” zesummen.

De Käschtepunkt vum Lëtzebuerger Don gëtt am offizielle Communiqué net präziséiert.

Méi iwwer d’Liwwerung vun den Ambulanzen an d’Ukrain gitt Dir um 19.30 Auer e Sonndeg den Owend am Journal op der Tëlee an hei um Site gewuer.

Back to Top
CIM LOGO