StaatsfinanzenLëtzebuerg muss 250 Milliounen Euro un d'EU bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'national Kontributioune vun de Memberstaaten nei evaluéiert goufen, ginn d'Kontributioune vum Grand-Duché an d'Luucht.
© AFP

Wann et de Staatsfinanze gutt geet, huet dëst och Konsequenzen - an net ëmmer positiver. Well den RNB vu Lëtzebuerg besser ass, wéi dat a Previsioune geduecht gi war, geet d’Kontributioun vu Lëtzebuerg an d’EU-Keesen och parallel an d’Luucht. Deemno muss Lëtzebuerg fir d’lescht Joerzéngt bal 250 Milliounen Euro op Bréissel no-iwwerweisen.

Wéi et heescht, ergëtt sech dës Zomm, nodeems d’national Kontributioune vun den EU-Memberlänner vun der Kommissioun nei evaluéiert an d’Konte regulariséiert goufen. Nieft dem RNB spillen heifir och d’Recetten aus der TVA.

247 Millioune mussen deemno aus der Lëtzebuerger Staatskeess un d’EU fléissen.

Back to Top
CIM LOGO