Europäesche Geriichtshaff fir MënscherechterLëtzebuerg muss ee vun de LuxLeaks-Whistleblower entschiedegen

RTL Lëtzebuerg
De Raphaël Halet, bekannt duerch d'Luxleaks, krut um europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an zweeter Instanz Recht.
LuxLeaks: Lëtzebuerg muss ee vun de Whistleblower entschiedegen
Déi Decisioun huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter geholl.

De Raphaël Halet, bekannt duerch d’LuxLeaks, krut um europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an zweeter Instanz Recht. De fréiere Mataarbechter vu PWC, dee mam Antoine Deltour der Press 2012 Dokumenter iwwer Steier-Rulingen zougespillt hat, soll als “Whistleblower” unerkannt ginn.

D’Europäescht Geriicht fir Mënscherechter zu Stroossbuerg huet de Lëtzebuerger Staat elo zu engem Schuedenersatz fir den Raphaël Halet an Héicht vun 15.000 Euro fir de moralesche Schued a 40.000 Euro fir d’Prozesskäschte verurteelt. De Riichter zu Stroossbuerg no géing den Interêt Public nämlech iwwert dem Schued stoen, deen d’LuxLeaks verursaacht kéinten hunn.

Domat kéim den eelef Joer laange juristesche Kampf géint Steierhannerzéiung op en Enn, sou de Raphaël Halet nom Urteel.

2014 war de Fransous um Lëtzebuerger Geriicht am Appell zu eng Geldstrof vun 1.000 Euro verurteelt ginn. Doduerch wier d’Recht op fräi Meenungsäusserung verletzt ginn, sou d’Argumentatioun vum Geriichtshaff vun de Mënscherechter am Appell.

Am LuxLeaks-Skandal ware vertraulech Steierofkommes tëscht Lëtzebuerg an 340 multinationale Konzerner ëffentlech ginn. Zu de Firmen, déi doduerch profitéiert hunn, a Milliarden u Steiersue gespuert hunn, gehéieren Amazon, Apple, Ikea oder Pepsi. Dës Ofkommes waren ënnert dem deemolege CSV-Premier Jean-Claude Junker getraff ginn.

Back to Top
CIM LOGO