Kooperatioun an humanitär HëllefLëtzebuerg muss sech un d'Defien upassen, déi sech international stellen

Fanny Kinsch
Dat sot den DP-Ausseminister Xavier Bettel de Mëttwoch de Moie bei senger Deklaratioun zu der Entwécklungshëllef an der Chamber.
© AFP-Archiv

Internationaalt Recht an humanitär Prinzippie géingen ëmmer méi a Fro gestallt ginn, awer och de Multilateralismus. Duerch d’Decisioun vum neien US-President Donald Trump, d’Entwécklungshëllef drastesch ze kierzen, géinge finanziell Lächer entstoen, déi net esou séier kéinte gefëllt ginn. De Privatsecteur misst an Zukunft anescht agebonne ginn, esou de Xavier Bettel.

De Xavier Bettel (1)

Den éischte Constat ass, dass déi ëffentlech Entwécklungsgelder eleng bei Wäitem net duerginn, fir den enorme Besoinen an den Entwécklungslänner gerecht ze ginn. Mir brauchen dofir laangfristeg an nohalteg Finanzementer, un deenen de Privatsecteur sech och bedeelegt, ganz besonnesch elo, wou mir am Kontext vu konstante Polykrise liewen a wou ëmmer méi Länner hir Entwécklungshëllef erofschrauwen oder anerwäerts benotzen.

De Finanzsecteur zu Lëtzebuerg kéint eng Roll spillen, awer haaptsächlech och de Privatsecteur an de Partnerlänner. D’Lëtzebuerger Kooperatioun géing sech drop konzentréieren, kleng - a mëttelgrouss Entreprisen a kleng Bauere sur place z’ënnerstëtzen. Entwécklungspolitik wier och Aussepolitik an dofir wéilt Lëtzebuerg an Zukunft bei bilaterale Verhandlunge méi explizitt op d’Prinzippie vun Demokratie a Mënscherechter verweisen.

De Xavier Bettel (2)

Et ass net un eis, hinnen ze soen, wat se ze maachen hunn. Mee mir mussen awer kënnen evitéieren, dass Saache gemaach ginn, déi et am Moment net ginn. Dass am Afghanistan eng Fra net méi dierf op d’Uni goen, net méi dierf an d’Schoul goen, ass eppes, wat net geet. Dass a verschiddene Länner eng Relioun net méi kann ausgeüübt ginn, wou se gëschter konnt gemaach ginn, geet net. Dass Minorités sexuelles vun haut op muer - oder, et fänkt da bei deenen un - kriminaliséiert ginn, wou et haut net de Fall ass. Mir froe weder eng Ofdreiwung, mir froe weder e Mariage pour tous, mir froe weder, dass iwwerall Synagogen oder Kierche solle gebaut ginn. Mee et solle keng Réckschléi kommen.

D’Entwécklungszesummenaarbecht mat Burkina Faso, Mali an Niger leeft aktuell jo wéinst de geopoliteschen Entwécklungen do aus. Et géing een d’Populatioun awer weider iwwer multilateral Projeten an ONGen ënnerstëtzen. Aktuell sicht Lëtzebuerg dann och no neie Partnerlänner, do kéint hien den Ament awer nach keng konkret Annoncë maachen, esou den Ausseminister. Entwécklungspolitik wier och Aussepolitik an dofir wéilt Lëtzebuerg an Zukunft an deem Kontext bei bilaterale Verhandlunge méi explizitt op d’Prinzippie vun Demokratie a Mënscherechter verweisen.

D’Aarbecht vun de Lëtzebuerger EntwécklungsONGe war 2024 vun 2 Dossiere gepräägt - engersäits d’Caritas-Affär an anerersäits d’Decisioun vum Minister, fir d’Sensibiliséierungsaarbecht anescht ze finanzéieren. A senger Deklaratioun zu der Kooperatioun an der Chamber e Mëttwoch ass den DP-Ausseminister Xavier Bettel op déi Punkten agaangen. Wat d’international Aktivitéite vun der Caritas ugeet, hätt ee Léisunge fonnt, fir de Gros vun de Projeten entweder ofzewéckelen, wéi zum Beispill a Moldawien an der Ukrain, oder mat anere Partner op d’mannst eng Zäit weiderzeféieren, wéi am Südsudan oder Mali. De Minister huet iwwerdeems preziséiert, datt an Zesummenaarbecht mam Plädoyer politique just ee Projet vum Kooperatiounsministère ënnerstëtzt gi wier an dee géing och nach weider lafen. D’Sensibiliséierungsaarbecht, déi d’Entwécklungsorganisatiounen notamment an de Schoule maachen, gëtt aktuell ëmstrukturéiert - eng Decisioun, déi am Secteur fir Kritik gesuergt huet. D’Reform géing op enger externer Analys baséieren, esou de Xavier Bettel.

Dobäi huet sech an där externer Analys erausgestallt, dass eng Impaktstudie vum Secteur onméiglech wier, well et un den néidegen Donnéeë gefeelt huet, fir eng Analys ze maachen. D’Consultanten hu recommandéiert, kollaborativ a mat der néideger Zäit eng Reform auszeschaffen, an dat ass elo och ugelaf. D’ONGe sinn amgaangen, un enger gemeinsamer Visioun och ze schaffen, déi a verschiddenen thematesche Programmer soll och deklinéiert ginn, wou d’ONGen haaptsächlech gemeinsam Initiativen ëmsetzen, awer och de Spillraum hunn, fir eegen Aktivitéiten ëmzesetzen. Jidderee vun hinne kann hire Bléckwénkel, hir Expertis an eeben och hir Particularitéiten do mat abréngen, an esou der Ëffentlechkeet, de Schoulen, hirem Léierpersonal a Schüler och eng interessant Offer bidden.

Dëst Joer wier en Transitiounsjoer, d’nächst Joer soll de Kader bis 2030 da stoen. D’EntwécklungsONGe si fir 15 Prozent vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef responsabel.

Reaktioune wärend dem Debat an der Chamber

Den LSAP-Deputéierten a fréiere Kooperatiounsminister Franz Fayot sot, et wier ee frou iwwert eng grouss Kontinuitéit an der Entwécklungshëllef. Och bei der humanitärer Hëllef wier ee gréisstendeels op enger Linn mat der Regierung. De Franz Fayot huet och ausdrécklech d’Reaktioun vum Xavier Bettel nom Verbuet vum UNO-Hëllefswierk fir palestinensesch Flüchtlingen UNRWA duerch Israel gelueft. Et géing een awer eng gewësse Kontradiktioun gesinn, well Lëtzebuerg Palestina net als Staat unerkennt.

Kritik gouf et dann op en Neits un der Gestioun vun der Caritas-Kris, esouwuel vun der LSAP, wéi och vun déi Gréng.
Vun der ADR-Presidentin Alexandra Schoos huet et geheescht, et géing een d’Entwécklungshëllef net a Fro stellen, et géing ee sech awer Froen iwwert den Impakt dovunner stellen.

De Piratendeputéierte Sven Clement sot, hie wier enttäuscht vun der Ried vum Ausseminister, an där hie kee politesche Message entdeckt hätt. Kritik vu Säite vun der Oppositioun, notamment vun de Piraten an déi Lénk, gouf et un den diplomatesche Relatioune mam Ruanda, wéinst dem Konflikt am Kongo. Lëtzebuerg huet jo zanter Kuerzem eng Ambassade zu Kigali.

Eng Partie Deputéiert hunn och den Ëmgank vum Minister mat der Reform vun der Finanzéierung vun der Sensibiliséierungsaarbecht duerch Entwécklungsorganisatioune kritiséiert – doduercher wiere vill Onkloerheeten entstanen.

Back to Top
CIM LOGO