Emploi salariéLëtzebuerg schaaft weiderhin Aarbechtsplazen

RTL Lëtzebuerg
Den Emploi salarié zu Lëtzebuerg ass am zweeten Trimester ëm 0,8% am Verglach zum éischten Trimester eropgaangen, dat deelt de Statec mat.
© AFP

Op d’Joer gekuckt gëtt et eng Progressioun vun 3,6%. Am Joresverglach hu sech besonnesch spezialiséiert Aktivitéiten an ëffentlech Zerwisser dynamesch entwéckelt.

All Dag deplacéiere sech gutt 210.000 Leit iwwert d’Grenz op Lëtzebuerg. Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit maachen nach en décke Véierel vum Emploi salarié intérieur aus.

Back to Top
CIM LOGO