
Fir dëse Ranking ze erstelle ginn iwwer 30 qualitativ a quantitativ Facteuren aus de Kategorie “Stabilitéit”, “Gesondheet”, “Kultur”, “Bildung” an “Infrasruktur” ausgewäert.
Op Basis vun dëse Facteuren kritt dann all Stad e Score vun tëscht 0 an 100 Punkten.
Lëtzebuerg huet et am Ranking vun dësem Joer op d’Plaz 19 gepackt. Un der Spëtzt vun der Lëscht steet - fir dat 2. Joer hannerteneen - déi éisträichesch Haaptstad Wien.