International Ranglëscht zum KlimaschutzLëtzebuerger Entreprisen duerchschnëttlech, ArcelorMittal krut en A-

RTL Lëtzebuerg
An enger internationaler Ranglëscht zum Klimaschutz vu Betriber schneide Lëtzebuerger Entreprisen duerchschnëttlech of.
© AFP Archivbild

De beschte Schüler ass dobäi ArcelorMittal mat engem A-.

D'Beschtnout A vun der brittescher Netregierungsorganisatioun CDP (dat steet fir „Carbon disclosure project“) huet keng vun den am Ganze 14 Firmaen aus dem Grand-Duché kritt, déi notéiert goufen.

Vun deene 4 bekanntste Betriber vu Lëtzebuerg an där Lëscht krut donieft nach Aperam e B, RTL Group en C an d'SES en D. Dat ass iwwregens och d'Moyenne vun deem CDP-Ranking, wat beweist, dass nach vill ze maache bleift. Doriwwer eraus, kréien der 9 en F wéi "fail" (déi Nott kritt eng Entreprise, wa se keng Donnéeë bekannt gëtt) an eng en "not scored" (dh hir Äntwert huet net zu engem Resultat gefouert).

D'ONG huet fir hir Ranglëscht d'Donnéeën zur Transparenz an zu Klimaschutzmoossname vun iwwer 8.000 Entreprisë weltwäit gesammelt an dofir eng Nott ginn tëscht A an F. Woubäi Investisseure e Betrib mat enger "fail"-Nott als Risiko ugesinn an eventuell de Geldkrunn zoudréie kënnen. Déi Entreprisen, déi eng bonne Note vu CDP kréien, stinn dogéint un de Bourse gutt do: Am Duerchschnëtt schneide si nämlech 5,5% pro Joer besser of, wéi d'Moyenne vun de Firmaen, déi ee matenee vergläiche kann.

Dës Lëscht kënnt e Méindeg eraus, also virum Ufank vum Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz, bei deem d'Klimakris och d'Agenda dominéiere wäert. Fir Betriber, déi en A kruten, ass d'Klimafrëndlechkeet iwwregens net deen eenzege Krittär, deen zielt, dobäi kommen nach déi gréisstméiglech Transparenz vun de publizéierten Donnéeën a Klimaschutzmoossnamen, och am Verglach gekuckt mat de Konkurrenten.

Just 179 Entreprisen aus 22 Länner hunn et op d'A-Lëscht gepackt, dorënner z.B. Microsoft, Nestlé, Sony, Danone, Lego oder L'Oréal. Déi meescht mat A bewäerten Entreprisen hunn hire Sëtz a Japan, mat 38 Firmaen, Frankräich kënnt z.B. op 10 sou Entreprisen an Däitschland op 9.

Back to Top
CIM LOGO