Euro MillionsLëtzebuerger Gewënner vum Jackpot huet sech no enger Woch gemellt

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 28 Milliounen Euro waren am Dëppen an et gouf jo just een, deen déi richteg Zuelen a Stären hat an deen huet säin Ticket hei zu Lëtzebuerg kaf.

Eng Woch duerno huet de Spiller oder d'Spillerin sech bei der Loterie nationale manifestéiert. Et ass den drëtten Gewënner aus dem Grand-Duché.

Proportional gesinn, leie mer net schlecht am Verglach mat anere Länner, wou e schonn erausgaangen ass.

  • An England a Frankräich all kéiers 104 Mol
  • A Spuenien 101 Mol
  • A Portugal 77 Mol
  • An der Belsch 38 Mol
  • 22 Mol goung de Gewënn an d'Schwäiz
  • An Éisträich an Irland all kéiers 16 Mol

Et ass net ëmmer Gléck eleng, dat ee gewannen deet. Vill Leit spille mat Statistiken. An deem Kader kann een déi am meeschte gezunnen Zuelen ermëttelen: 20, 23, 44, 39, 17 a bei de Stären 2 an 3.

D'Zifferen, déi am mannste gezu gi sinn: 40, 18, 33, 22, 35 an 10 an 1 bei de Stären.

D'Chance, fir den Jackpot ze knacken, läit statistesch gesi bei 1 zu 140 Milliounen. Domat sinn d'Chancen zwar immens kleng, ma wéi heescht et esou schéin: Wien net wot, wien net gewënnt.

Schreiwes vun der Loterie Nationale

 
EuroMillions : l’énorme jackpot de 28 601 720 d’Euros gagné au Luxembourg a été réclamé !

Leudelange, le 30 janvier 2020

Il aura fallu près d’une semaine à l’heureux gagnant du jackpot EuroMillions du 24 janvier dernier pour se manifester auprès de la Loterie Nationale. C’est désormais chose faite : le troisième grand gagnant historique d’EuroMillions au Luxembourg a réclamé son gain colossal.

Fidèle d’EuroMillions, le nouveau multimillionnaire avait rempli un bulletin complet avec ses numéros favoris pour ce tirage qui restera gravé dans sa mémoire.

La Loterie Nationale lui souhaite beaucoup de bonheur…et bonne chance pour l’avenir !

En plus des 3 grands gagnants au premier rang, une quarantaine de joueurs ont remporté le 2ème rang, avec des montants allant jusqu’à un million, depuis le lancement du jeu au Luxembourg. Ferez-vous partie des prochains gagnants ? Une chose est sûre : pour espérer gagner le prochain Super Jackpot de 130 millions d’Euros du 7 février, il faudra tenter sa chance !

La Loterie Nationale souhaite préserver l’anonymat du gagnant et ne fera aucune autre déclaration à ce sujet.

Loterie Nationale

Léon Losch - Directeur

Euromillions op RTL.lu

Back to Top
CIM LOGO