Campagne vun asbl PasserellLëtzebuerger gi Flüchtlingen hir Stëmm

RTL Lëtzebuerg
Passerell asbl huet e Spot lancéiert, fir d'Leit ze sensibiliséieren an och fir en Appell fir Donen ze maachen.

An hirem Spot sinn et sechs Lëtzebuerger, déi sech déi Froe stellen, déi och Flüchtlingen dacks duerch de Kapp ginn:

"Wéi kann ech meng kleng Schwëster zu Kabul schützen?"
"Wéi kann ech beweisen, datt ech vergewaltegt gouf?"
"Wéi kann ech mäin Insulin huelen, wann ech an Italien op der Strooss muss liewen?"

Wëllt Dir d'Passerell ënnerstëtzten? Da kënnt Dir op hirem Site en Don maachen.

LINK: Weider Detailer iwwert d'Campagne a Passerell asbl op 5Minutes

Back to Top
CIM LOGO