De Marc Backes an de Gilles Schons forméieren zënter e puer Joer déi zukünfteg Motocycliste vun der Lëtzebuerger Police. Si sëlwer sinn zënter 1992 respektiv 2002 fir d’Police um Motorrad am Asaz. D’Formatioun fir d’Police-Motarden zu Lëtzebuerg kritiséiere si net, ma et léiert een awer ni aus an et kann ëmmer besser ginn, erzielen déi 2.
Elo ware si bei de franséische Kolleegen zu Fontainebleau am Centre national de formation à la sécurité routière (CNFSR) op Besuch. Dës Policeschoul ass nämlech ee vun deene gréisste Formatiounszentere fir Stroossesécherheet an Europa. Ronn 1.700 franséisch Police-Motarde kommen hei all Joer an d’Formatioun. Dorënner zukünfteg Motarden, déi mol nach kee Führerschäin hunn, awer och al Huesen, déi hei all 6 Joer hiert Wëssen an hire Fuerstil opfrësche kommen, sou de Lieutenant Colonel Cyrille Cousi, zweete Kommandant vum CNFSR.
Reegelméisseg kritt den CNFSR Besuch vu Polizisten aus dem Ausland fir sech hir Formatioun unzekucken, ma och an Afrika an am Katar berode si Police-Motarden, fir méi Sécherheet ze garantéieren oder hinnen eng gutt Eskort bäizebréngen. Fréier war d’Lëtzebuerger Police méi dacks zu Fontainebleau op Besuch, fir sech géigesäiteg auszetauschen. Dat war awer zënter méi wéi 30 Joer net méi de Fall. Dat huet sech elo mam Besuch vum Marc Backes an dem Gilles Schons geännert.
Zwou Woche laang kruten déi Zwee an engem Privat-Kuer en Abléck an déi franséisch Motos-Formatioun. Hei duerfte si awer net nëmmen op deenen normale Makadamm-Circuite fueren, wéi et der och zu Lëtzebuerg gëtt. Den CNFSR zu Fontainebleau huet nämlech eppes ze bidden, wat et net iwwerall esou gëtt: 80 Hektar Terrain matten am Bësch, mat Exercicer op ganz schmuele Strecken, Rampen a Circuiten op ënnerschiddlechen Ënnergrënn. Hei kënnen d’Motarde léieren, hir Fuertechnik och op Pawee a Sand ëmzesetzen. Fir de Marc Backes an de Gilles Schons eppes ganz Neies, wat si allebéid impressionéiert huet.
“Ech géing am léifsten alles zeréck mat op Lëtzebuerg huelen, wat mir hei gesinn a geléiert hunn”, sou de Gilles Schons. “Mir wollten hei eng nei Approche kenneléieren an dat hu mir. Leider hu mir esou en Terrain am Bësch zu Lëtzebuerg net zur Verfügung, fir dëst an eis Formatioun matanzebezéien, ma dat wier awer e grousse Plus”, fënnt de Marc Backes, “Esou kënnen eis Police-Schüler nach besser léieren, op all Ënnergrond den Trajectoire anzehalen, also d’Kéier richteg ze huelen, ouni mam Kierper an de Géigeverkéier ze kommen. Dat alles en Vue vun der Sécherheet vun all eenzelem Motocyclist.”
Déi nei geléiert Approchë wëllen déi zwee Police-Formateuren elo och zu Lëtzebuerg mat abréngen. Dës Weidere kéinte souwuel de Marc Backes an de Gilles Schons wéi och déi franséisch Kolleege sech virstellen och an Zukunft rëm méi mateneen ze schaffen, fir sech rëm méi reegelméisseg kënnen auszetauschen.