KlimakloLëtzebuerger Seniore manifestéieren zu Stroossbuerg

Diana Hoffmann
Fir d’éischt Kéier huet den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter sech mat Plainten am Kontext vum Klimawandel befaasst.
Klimaklo
Lëtzebuerger Seniore manifestéieren zu Stroossbuerg

Initiator sinn ënner anerem d’KlimaSeniorinnen aus der Schwäiz.Mat der Plainte wëllen d’Aktivistinnen erreechen, dass d’Schwäiz gezwonge ka ginn, sech méi fir de Klimaschutz anzesetzen. Hirer Meenung no géing d’Land net genuch maachen an domat géint d’Mënscherechter verstoussen.

De Klimawandel hätt nämlech en direkten Impakt op d’Gesondheet vu eelere Leit. Dobäi wier de Staat eigentlech verpflicht, dës ze schützen. «Mir fuerderen d’Geriicht op, vulnerabel Leit géint irreversibel Klimafolgen ze schützen», sou d’Jenny Sandvig, vum Europäesche Reseau fir national Mënscherechtsinstitutiounen. D’Zäregar-Emissioune géinge fir extrem Hëtzt suergen, déi Leit géing ëmbrengen.

Och eng Handvoll Lëtzebuerger Seniore war e Mëttwoch op Stroossbuerg gereest, fir d’Klimaaktivistinnen ze ënnerstëtzen. Op Initiativ vu Greenpeace huet dëse Grupp «Seniors for Climate Luxembourg» sech virun engem knappe Joer gegrënnt. «Mir geet et dorëm, de Leit bewosst ze maachen, dass de Klimawandel och elo scho Liewe kascht an eiser Gesellschaft, an net iergendwou um Enn vun der Welt», seet den Norbert Noben vu «Seniors for Climate Luxembourg».

Zwar géifen et scho vill Mouvementer fir de Klimaschutz ginn, an deenen ee sech kann engagéieren, ma dësen hätt nach en aneren Usaz. «Wat mir en Plus hunn, ass d’Erfarung, déi mir kënne vermëttelen», ënnersträicht de Lucien Reger. Dofir wëllt ee sech an der Sensibilisatiounsaarbecht engagéieren an awer och mat Jonken zesummeschaffen.

Déi eeler Generatioune kéinten temoignéieren, wéi séier de Klimawandel d’Welt verännert. «A menger Jugend louch all Joer nach mindestens zwou Woche Schnéi fir mam Schlitt ze fueren», erzielt den Norbert Noben. «An och d’Summerméint waren ëmmer waarm, mee ni sou dreschen an ni sou ausgepräägt wéi elo.»

En Urteel vum Geriichtshaff fir Mënscherechter ass da fréistens Enn dës Jores ze erwaarden. Wier dëst favorabel fir d’Seniorinnen, kéinten d’Regierungen ënner Drock gesat ginn, fir sech méi staark mussen am Klimaschutz ze engagéieren. Ënner anerem, dass sech muss méi kloer fir d’Klimaziler vu Paräis agesat ginn.

D’»Seniors for Climate Luxembourg» wëllen op alle Fall elo weider wuessen. «Mir sinn nach an der Grënnungsphas. Mee mer hunn Hoffnung, dass sech nach jonk al Leit fannen, déi sech wëllen engagéieren», betount de Lucien Reger.

Interessente fanne weider Informatiounen um Site vu Greenpeace.

Back to Top
CIM LOGO