FermetureLëtzebuerger Traditiounsbetrib Linster Bureautique mécht no iwwer 100 Joer zou

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Familljebetrib war 1906 gegrënnt ginn a war spezialiséiert an der Vente vu Schoul- a Büro-Material.
© Domingos Oliveira / RTL

Zanter Joren negativ Chifferen an e Verkaf, deen duerch d'Ventë via Internet agebrach ass: d'Firma Linster Bureautique vu Bartreng muss hir Diere bis Enn vum Joer zoumaachen.

Rieds geet am Schreiwes vun der Direktioun vum Traditiounsbetrib, deen et also zanter 1906 gouf, vun enger grousser Konkurrenz aus dem Ausland, wat de Verkaf vu Büro-Material ugeet.

Deemno wiere vill Betriber duerch Kontrakter un international Firme gebonnen, wouduerch d'Geschäft vun der Firma Linster gelidden hätt. Elo also d'Decisioun, fir d'Firma zouzemaachen.

Wéi et vun der Direktioun heescht, géif d'Fermeture vun der Firma sech an de beschte Konditioune maachen, dëst fir d'Clienten an d'Mataarbechter.

Iwwerdeems entsteet nom Zoumaache vu Linster Bureautique eng nei Firma, nämlech "Linster Business Services" mam Jean-Luc Linster un der Spëtzt. Eng Firma, déi sech ëm d'Vente an d'Maintenance vu Büro-Maschinne këmmert.
21 Leit schaffen aktuell bei der Entreprise. 16 sollen an de Plan social opgeholl ginn, eng Persoun hat hir Demissioun scho virun der Annonce vun der Fermeture eraginn. 4 Persoune géifen an der neier Firma, déi vum Jean-Luc Linster opgemaach gëtt, iwwerholl ginn. D’Diskussioune fir e Plan social soll Enn vun der Woch, Ufank vun der nächster Woch lancéiert ginn.

PDF: Schreiwes vu Linster bureautique sàrl

Back to Top
CIM LOGO