Politolog François Heisbourg"Lëtzebuergesch Ekonomie steet virun engem groussen Ëmbroch"

Diana Hoffmann
"Geopoliteschen Tsunami: Wéi kann déi Lëtzebuergesch an déi europäesch Ekonomie stabil a sécher bleiwen?", sou de Sujet vun der Journée de l’économie.
François Heisbourg: Krich strapazéiert europäesch Ekonomien
Nieft dem Krich direkt un den europäesche Grenze misst Europa sech méi Suerge ronderëm de Konflikt ëm den Taiwan maachen.

Geopoliteschen Tsunami / de Reportage vum Diana Hoffmann

D’Ekonomie vu Lëtzebuerg steet viru grousse Changementer. Souer wieren et ëmmer scho ginn an d’Land hätt sech zanter dem 2.Weltkrich mat senger klenger Ekonomie ëmmer ugepasst a profitéiert, seet de Politolog a Politikberoder, de Professer François Heisbourg, deen ee vun den invitéierte Referenten an der Chambre de Commerce war. Haut misst een de selwechte Genre vun Transformatioun maachen, wéi een e schonn esou dacks gemaach hätt. Zum Beispill, ugefaange mat der Siderurgie, dunn den auslänneschen Invest bis zur Entwécklung als Bankeplaz an haut als globale finanziellen Intermediaire. “Dat ass nei fir Leit, déi mat dem aktuelle Modell zanter 25 oder 30 Joer liewen”, sou den Expert. Nom Kale Krich 1991 bis 2014 hätt een, wirtschaftlech gesinn, en exzeptionellt véierels Joerhonnert erlieft. Mee et wier een naiv gewiescht. Et hätt een den Impakt vun der Annexioun vun der Krim duerch Russland 2014 net wierklech verstanen. Och hätt een net wouergeholl, wéi China zu enger Supermuecht ginn ass. China a Russland kéinten an Zukunft net just Partner sinn, mee zu Alliéierte ginn.

Nieft dem Krich an der Ukrain kann och d’Eskalatioun am Konflikt ëm Taiwan tëscht den USA a China extrem Konsequenze fir Europa hunn. “Taiwan ass geografesch an enger Zon situéiert, an där eng déck Hallschent vum internationale Commerce passéiert. Och de Commerce vun de Memberlänner vun der Europäescher Unioun”, betount de François Heisbourg. All Krich an dëser Regioun géing Konsequenzen hunn, déi vill méi grouss wieren, wéi déi duerch de Krich an der Ukrain.

Fir de Politolog mat lëtzebuergeschen Originnen ass kloer, dass Geschäfts- a Wirtschaftsrelatiounen net neutral kënne sinn. Et hätt een op där enger Säit demokratesch Staaten an op där anerer Autoritärer. Et misst ee wielen, op wéi enger Säit ee steet.

Back to Top
CIM LOGO