Dëst wier dee militäreschen Domaine, an deem eist klengt Land wierklech eng grouss Roll spille kéint, esou den Defenseminister. D‘Kapazitéite sollen ausgebaut a virop besser protegéiert ginn.
Ëmmer méi Infrastrukture si vu Satellitte gesteiert. Eng Cyberattack op e Satellit kéint, grad ewéi en Accident duerch Weltraumschrott, uerg Konsequenzen op eist Liewen hunn. Net ze schwätze vun engem Asteroid. Ënnert anerem sollen déi Menacen an Zukunft besser erkannt kënne ginn.
“Mir bauen och eng Plattform op der Äerd. Radaren an Teleskope ginn nach lancéiert. Déi hunn déi Stécker, déi ronderëm fléien, permanent am Bléck. Déi kënnen Trajectoirë berechnen. Da ginn et och sougenannt “Cleaning"-Programmer. Do gëtt e Satellit mat engem Netz erop geschéckt. E bëssen ewéi am Ozean, wann de Plastik agesammelt gëtt. Esou soll am Weltraum Schrott agesammelt ginn, dass e keng Infrastruktur méi ka beschiedegen.”D‘Lëtzebuerger Defense hätt vill Erfarung am Weltraum, esou de François Bausch. Virun allem als Partner fir d’NATO an d’EU.Déi Investissementer fléissen iwwer de Budget vun der Defense. D‘Sue ginn zu 100 Prozent vun der NATO ugerechent. Déi militäresch Allianz verflicht d‘Memberlänner jo dozou, 2 Prozent vun hirem Bruttoinlandprodukt fir d‘Defense auszeginn. Lëtzebuerg kënnt aktuell awer nëmmen op 0,72 Prozent.Verstäerkten Aktivitéit am Beräich vun der Weltraum-Defense géif iwwerdeems nei Aarbechtsplaze schafen. D‘Arméi géif doduerch méi attraktiv ginn, confirméiert de Chef d’Etat-Major Steve Thull.
“Et ass en neien Domaine, dee virun e puer Joer an d‘Arméi komm ass. Dat mécht et méiglech, eng ganz aner Gamm vu Leit ze rekrutéieren an d‘Arméi fir méi verschidde Leit opzemaachen. Dat ass alles an allem eng ganz gutt Saach.”Wéi en nationale Satellit och fir militäresch Zwecker zum Asaz ka kommen, kéint een elo am Kader vum Krich an der Ukrain gesinn. De Minister Bausch huet och annoncéiert, dass d‘NATO bei der Lëtzebuerger Regierung eng Demande gemaach huet, fir iwwer den nationale Satellit GovSat der Ukrain e garantéierte Kommunikatiounswee zur Verfügung ze stellen.
Haaptsächlech géing et ëm eng Internetverbindung goen. D‘Detailer vun der Missioun hätt een nach net, esou de François Bausch. A priori wär ee bereet, dat ze maachen, sot de grénge Minister.
François Bausch présente la première Stratégie Spatiale de Défense du Luxembourg (28/02/2022) | |
| |
| |
En date du 28 février 2022, le Vice-Premier ministre, ministre de la Défense, François Bausch a présenté la première Stratégie Spatiale de Défense du Luxembourg. « Dans le secteur de la Défense, l’espace représente un véritable enjeu de sécurité nationale. » a expliqué François Bausch, en précisant que : « L’espace est devenu un environnement de plus en plus contesté, compétitif et congestionné. » Ainsi, l’élaboration de la première Stratégie Spatiale de Défense s’inscrit dans le cadre de l’effort de défense du Luxembourg. Le ministre de la Défense a expliqué que cette stratégie s’articule autour d’un objectif à long terme, qui vise à ce que la Défense luxembourgeoise, en tant qu’acteur solidaire, consolide à l’horizon 2030 son rôle de partenaire de référence fiable dans le domaine de l’espace, en s’appuyant notamment sur son satellite de communication GovSat1 ainsi que le satellite d’observation LUXEOSyS dont le lancement est prévu pour 2023. Par le développement de capacités spatiales nationales ou en coopération avec des partenaires comme l’OTAN ou l’UE et par le renforcement de la résilience de ces capacités, la Défense satisfera non seulement ses besoins nationaux mais contribuera également à ceux d’organisations internationales et de pays alliés. François Bausch a souligné que la stratégie devrait contribuer à garantir un accès ainsi qu’une utilisation pacifique et durable de l’espace, dans le respect du droit international, tout en s’appuyant sur les compétences du secteur spatial luxembourgeois. Les fils conducteurs de la nouvelle stratégie sont la coopération entre pays partageant les mêmes valeurs ; une augmentation de la résilience des capacités spatiales (accès à plusieurs systèmes ou renforcement de la protection des capacités) ; une attention particulière portée au développement de capacités à double usage, civil et militaire. La stratégie compte ainsi quatre objectifs stratégiques qui sont les suivants :
En guise de conclusion, le ministre de la Défense a estimé que « dans le domaine spatial, le Luxembourg peut avoir un impact et apporter sa juste contribution à l’effort global en matière de sécurité et de défense. » |