Rapport vun der OECDLiewenserwaardung zu Lëtzebuerg ass wärend der Pandemie net erofgaangen

RTL Lëtzebuerg
D'Organisatioun vun der Kooperatioun a vum Developpement huet rezent de Rapport "Panorama de la santé 2023" publizéiert.
© AFP

Zu Lëtzebuerg läit d’Liewenserwaardung an der Moyenne bei 82,7 Joer. Domat läit de Grand-Duché op der 10. Plaz am Verglach mat de 37 anere Membere vun der OECD. Lëtzebuerg ass domat eent vun de wéinege Länner, an deem d’Liewenserwaardung wärend de Jore vun der Pandemie net erofgaangen ass. Dat geet aus dem neiste Gesondheetsrapport vun der Organisatioun fir wirtschaftlech Kooperatioun an Entwécklung ervir.

D’Zuel vun den Doudesfäll ass am Verglach zu de Jore virun der Pandemie ëm eppes méi wéi 5 Prozent erofgaangen. 3,6 Prozent vun den Ausgabe wärend der Pandemie sinn zu Lëtzebuerg an de Gesondheetssystem gefloss, virun 2019 waren dëst knapp 1,5 Prozent.

Allgemeng maachen d’Leit hei am Land genuch Sport an hunn am OECD-Verglach méi seelen Iwwergewiicht. Méi Efforte missten awer gemaach ginn an de Beräicher vum Fëmmen an Alkohol drénken. Och bei der Ernierung bleift nach Loft no uewen.

Den Accès op medezinesch Soinen ass dem Rapport no ganz gutt an d’Stéit mussen e gutt Stéck manner fir Dokteren, Medikamenter an esou weider ausginn, wéi d‘Moyenne vun de Leit an der OECD. Derbäi kënnt, dass d’Populatioun zu 86 Prozent zefridden ass mat der Disponibilitéit vu gudde Soinen. Domat läit Lëtzebuerg op 3. Plaz hannert der Schwäiz an der Belsch.

Link: Liest hei de Rapport vun der OECD no

Back to Top
CIM LOGO